search

/ Gemengeplattform géint Atomenergie nees staark gewuess

Réckbléck

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Gemengeplattform géint Atomenergie nees staark gewuess

D'Plattform vun de Lëtzebuerger Gemenge géint Atomenergie gouf dëst Joer reaktivéiert. De Buergermeeschter vu Réiser Tom Jungen (LSAP) hat am August d'Initiativ dofir geholl. Bis Enn vum Joer ass d'Zuel vun de Gemengen, déi matmaachen, vun ufanks 27 op 51 geklommen.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Atomkraaftwierk | © picture alliance/dpa | Peter Kneffel
Atomkraaftwierk (Foto: picture alliance/dpa | Peter Kneffel)

Déi 51 Gemenge vun dëser parteiiwwergräifender Plattform maachen iwwer 500.000 Awunner:inne vum Land aus, huet den Tom Jungen ausgerechent. Esch-Uelzecht ass dëse Mount Member vun der Plattform géint Atomenergie ginn. Bei der Stad Lëtzebuerg war dat am November de Fall.

Géint Atomenergie a fir erneierbar Energien

Zu senger Initiativ hat de Buergermeeschter vu Réiser, den LSAP-Politiker Tom Jungen, am August am 100,7-Interview erkläert, datt ee bei där Plattform dat duebelt Engagement geholl hätt.

“Engersäits si mIr fir d’Ofschalte vun den Atomkraaftwierker, mee gläichzäiteg bedeit dat och fir eis den Ausbau vun den Erneierbaren, wou mir eisen Deel Responsabilitéit wëllen iwwerhuelen a wou mir gudder Déng sinn, datt d’Regierung Efforte wäert maachen, mat eis zesummen, op dee Wee ze goen.”

An der Tëschenzäit, am November dëst Joer, gouf et eng Entrevue mam Energieminister, dem Ëmweltminister, der Gesondheetsministerin a mat engem Vertrieder vum Ausseministère. Dobäi hätt hie sech iwwer den Engagement vun der Regierung gefreet.

“Datt näischt un der Positioun vun der Regierung geännert huet, wat Cattenom ubelaangt, wat awer och d’Reakteren an der Belsch ubelaangt.”

D’CSV-DP hat an hirem Koalitiounsaccord 2023 ënner anerem ugekënnegt bei de franséischen a belschen Autoritéite wëllen ze intervenéiere, fir eng Fermeture vu riskanten Zentralen ze erreechen. 

Eng Fro vun der Sécherheet

D’Plattform vun de Gemenge géint Atomenergie war 2011 vum deemolege Buergermeeschter vu Réimech Henri Kox (déi gréng) gegrënnt ginn. Den Ausléiser fir d’Reaktivéiere vun der Plattform dëst Joer waren d’Pläng a Frankräich fir eng Lafzäitverlängerung vun der Anlag zu Cattenom ëm weider zéng Joer. Dobäi géif et och ëm Sécherheetsfroe goen, hat den Tom Jungen am 100,7-Interview erkläert.

“Wat géif geschéien, wann een aus terroristesche Grënn (...) wéilt ee Fliger z. B. op Cattenom fale loossen?”

D’Fro wier dann, ob de Sécherheetsstandard vun der Anlag héich genuch wier, fir eng Katastroph ze verhënneren, esou de Buergermeeschter vu Réiser, deen dëse Summer d’Initiativ geholl hat fir d’Plattform vun de Lëtzebuerger Gemenge géint Atomenergie ze reaktivéieren.

play_arrow Lauschteren