Radioen

On air

9 bis 1  |  Lenny Kravitz - Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verfassungsgeriicht gëtt Leideleng an Nidderaanwen Recht

Gemengefinanzéierung

Verfassungsgeriicht gëtt Leideleng an Nidderaanwen Recht

D’Verfassungsgeriicht huet ee Critère vun der Gemengefinanzéierung gekippt an domat den Awänn vun de Gemenge Leideleng an Nidderaanwen Recht ginn. D’Geriicht kënnt zur Konklusioun, datt de Critère vun der „ugepasster Populatioun“ an de Joren 2017 an 2018 net präzis genuch gewiescht an d'Gemengenautonomie net respektéiert gi wier. Nidderaanwen  a Leideleng hoffen elo, Suen erëm ze kréien.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Hannergrond ass d’Reform vun de Gemengefinanzen, déi 2017 als Zil hat, d’Lëtzebuerger Gemengefinanzéierung nei ze staffelen. Gemengen, déi eng héich kommunal Gewerbesteier era kréien, kënnen zanter deem just méi ee klengen Deel dovu behalen. De Recht fléisst an e gemeinsame Fong, deen dann nees un d’Gemenge verdeelt gëtt.

Leideleng: 1,6 Milliounen Euro u Recette verluer

Dobäi spillt de Facteur vun der „population ajustée“ eng zentral Roll. Wéi vill Suen eng Gemeng aus dësem Fong kritt hänkt deemno staark dovun of, wéi vill eng Gemeng sech an Zukunft wäert entwéckelen a wuessen.

Am Kloertext heescht dat zum Beispill, datt d’Awunnerzuel vun der Haaptstad mat knapp 1,5 multiplizéiert gëtt an d‘Awunnerzuel vun der Stad Esch mat 1,25. Deemno kréien dës Gemenge proportional gesi méi Suen aus dem Fong wéi zum Beispill ländlech Gemenge wéi Leideleng oder Nidderaanwen.  Zu Nidderaanwen géifen all Joer 3-4 Milliounen Euro doduerch verluer goen esou den CSV Buergermeeschter Fred Ternes.

"Ech mengen, datt et relativ evident ass, datt wann een d’Awunner anescht bewäert gi jee nodeem a wéi enger Gemeng se wunnen, datt dat net ka konform sinn zu der Verfassung. A mir ginn d’Gefill net lass, dat ass eng perséinlech Aschätzung, datt probéiert ginn ass sou laang u Critèren ze spillen, datt herno dat Resultat eraus komm ass, wat een sech gewënscht huet. An dat ass, datt verschidde Gemenge méi kréien an anerer manner."

De Buergermeeschter vu Leideleng Lou Linster, deem seng Gemeng an deenen zwee Joer 1,6 Milliounen Euro u Recette verluer hätt, hofft, datt d’Decisioun vum Verfassungsgeriicht dozou féiert, datt och d’Verwaltungsgeriicht an hirer Faveur decidéiert.

"An dann hoffe mir, datt mir fir d’Joren 2017/2018 Sue géifen erëm kréien."

Verwaltungsgeriicht muss elo tranchéieren

Dat aktuellt Urteel vum Verfassungsgeriicht bezitt sech allerdéngs just op d’Steierjoren 2017 an 2018. D’Gemenge Leideleng an Nidderaanwen hunn awer och fir d’Joren 2019-2022 eng Klo agereecht. Mam Ënnerscheed, datt de Critère vun der „ugepasster Populatioun“ 2019 aus dem groussherzogleche Reglement an d’Gesetz opgeholl gouf.

Wéi et aus dem Inneministère heescht, wier ee vun 2019 u Verfassungskonform gewiescht. D’Decisioun vum Verfassungsgeriicht hätt keen Impakt méi op déi aktuell Ëmverdeelung vun de Suen aus dem Gemengfong. Mee definitiv gekläert ass dat nach net: Nom Verfassungsgeriicht muss elo nach d’Verwaltungsgeriicht tranchéieren. Souwuel de Ministère wéi och d'Gemengen Nidderaanwen a Leideleng waarden elo d'Uerteel vun de Verwaltungsriichter of.

Op Nofro hin heescht et beim Gemengesyndikat Syvicol datt een sech e Méinden iwwert d’Urteel wäert beroden.

Lauschterenplay_arrow