search

/ Gëllene Bier fir de Politdrama “Gelbe Briefe” – Sëlwere Bier fir d’Sandra Hüller

Berlinale 2026

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Gëllene Bier fir de Politdrama “Gelbe Briefe” – Sëlwere Bier fir d’Sandra Hüller

De Politdrama “Gelbe Briefe” huet op der Berlinale den Haaptpräis gewonn. Als bescht Haaptactrice gouf d’Sandra Hüller ausgezeechent.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Beim Ofschloss vun der 76. Berlinale | © EPA/CLEMENS BILAN
Beim Ofschloss vun der 76. Berlinale (Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

Kino wier onpolitesch, hat de Jurypresident a Kult-Realisateur Wim Wenders um Ufank vun der Berlinale gesot. Hien hat domat eng Polemik ausgeléist, déi och hir Spueren am Palmarès hannerlooss huet.

Deen ass nämlech duerch an duerch politesch, mam Gëllene Bier fir dem däitsche Regisseur Ilker Çatak säi Film “Gelbe Briefe” an dem Sëlwere Bier vum Grand Prix du Jury fir dem Emin Alper säi “Kurtulus” goufen déi zwee politeschst Filmer vum Wettbewerb ausgezeechent.

Fir de Jurypresident Wim Wenders waren déi dräi Haaptpräisser, de Gëllene Bier, de Sëlwere Bier vum Prix du Jury an de Sëlwere Bier vum Grand Prix du Jury, op engem an deem nämmlechte Level, esou datt et fir de Jury zwar wuel eng Flicht gewiescht wier, tëschent deenen dräi ze diskriminéieren, et awer, esou de Wim Wenders, kee Qualitéitsënnerscheed tëschent hinne gi wier. 

Präisser fir "Queen of Sea" a "Kurtulus"

De Prix du Jury geet u “Queen at Sea” vum Amerikaner Lance Hammer, ee schroen a beweegenden Drama iwwer eng dement Fra, deen donieft den Tabusujet vun der Sexualitéit vun Alzheimerkranke konfrontéiert. 

De Grand Prix du Jury geet um tierkesche Regisseur Emin Alper säi “Kurtulus”: een haarde Film iwwer eng Gemeinschaft an engem tierkeschen Duerf, déi lues a lues dem Fanatismus an dem Haas vun hirem Leader verfält. Ee Film, deen am Zäitalter vu politescher Onrou, ëmsou méi relevant ass. 

De Gëllene Bier geet u “Gelbe Briefe” vum Regisseur Ilker Çatak: ee Film iwwer eng Kënschtlerkoppel, déi vun der tierkescher Regierung ee Beruffsverbuet ausgeschwat kritt. Ganz besonnesch ass hei, datt de Film zwar an der Türkei spillt, awer zu Berlin an Hamburg gedréint gouf. Domat kokettéiert de Film, deen dem Zuschauer seet: Berlin ass eng Kuliss fir Ankara, Hamburg fir Istanbul. De Message ass kloer: och an Däitschland, wéi an aneren zentraleuropäesche Länner, stierwen eis Demokratien. 

Präisser fir déi politescht Filmer op der Berlinale

Datt domat zwee Präisser net just un zwou Produktiounen op tierkesch goungen, ma och un zwee vun de politeschste Filmer, féiert sécher op ee Kurswiessel zeréck, deen de Jury huet misste maachen, nodeem de Wim Wenders sech um Ufank vum Festival mat senger Ausso, Filmemaacher sollte sech aus der Politik eraushalen, zimmlech blaméiert hat.

Sëlwere Bier fir d'Sandra Hüller

De Präis fir déi bescht schauspilleresch Leeschtung goung, wéi et bal ze erwaarde war, un d’Sandra Hüller, déi a “Rose” eng Fra spillt, déi sech am 17. Joerhonnert als Mann ausginn huet, an déi dofir elle bestrooft gouf.

Lëtzebuerg war dëst Joer zwar, am Géigesaz zur leschter Berlinale, net an der Competitioun, mee hat mat “Die Blutgräfin” vun der Ulrike Ottinger, “Roya” vun der Mahnaz Mohammadi an “Die Liebhaberinnen” vun der Koxi dräi Filmer um Start.

play_arrow Lauschteren