Radioen

On air

9 bis 1  |  La Roux - International Woman of Leisure

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitschland: Gefor vun antisemitteschen Attacken

Joresdag vun de Nazi Progromen

Däitschland: Gefor vun antisemitteschen Attacken

Den däitschen Inneministère warnt viru méiglechen antisemitteschen Attacken an Däitschland virum Joresdag iwwermuer vun de Nazi Progromen vun 1938.

auto_stories

1 min

E Spriecher vum däitschen Inneministère sot dem Handelsblatt, et kéint een net ausschléissen, datt et bei spontane Versammlungen zu antisemittesche Strofdote kéint kommen, dorënner och physesch Attacken op jiddesch Persounen a Gebaier.

An der Nuecht vum 9. op den 10. November 1938 sinn Deeler vun der däitscher Populatioun, op Initiativ vun de Nazien, mat brutaler Gewalt géint Judde virgaangen. Si hu Judden ermort, Synagogen a Brand gestach an Dausenden Haiser a Wunnengen zerstéiert.

Den Zentralrot vun de Judden an Däitschland huet fir iwwermuer op eng Gedenkveranstaltung zu Berlin invitéiert.