Fir d‘éischt soll d‘Hëllefsorganisatioun Open Arms mat engem Schëff eng Testfaart maachen. Da kéint de Korridor méiglecherweis schonn iwwermuer um Sonndeg opgoen.
D‘EU huet dëse Korridor ënnert anerem zesumme mat den USA an de Vereenegten Arabeschen Emirater ageriicht, fir grouss Quantitéiten un Hëllefsgidder an d‘Gazasträif ze liwweren.
D’Vereenten Natioune ginn awer dovunner aus, datt den Transport vun Hëllefsgidder iwwert d’Mier oder iwwert d'Loft den Transport iwwert d’Strooss net kéint ersetzen. D’UNO warnt virun enger generaliséierter Hongersnout an der ganzer Gazasträif.