Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Gazasträif: Nächsten Austausch vu Prisonéier a Geisele steet fest

Nächste Samschdeg

Gazasträif: Nächsten Austausch vu Prisonéier a Geisele steet fest

Am Noen Osten huet d‘Hamas de nächste Rendez-vous fir d‘Fräiloossung vu weidere Geisele confirméiert. Déi nächst véier israeelesch Geisele sollen e Samschdeg fräigelooss ginn, huet déi radikal islamistesch palestinensesch Organisatioun matgedeelt. Am Géigenzuch sollen och nees Dosende palestinensesch Prisonéier fräigelooss ginn.

auto_stories

1 min

Geiselaustausch | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
Geiselaustausch (Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

Virgëschter un Sonndeg waren déi éischt dräi israeelesch Geiselen a 90 palestinensesch Prisonéier fräigelooss ginn. Dat nodeems an der Gazasträif e Waffestëllstand tëscht Israel an der Hamas a Kraaft getruede war.