Radioen

On air

Trendscheif  |  Trendscheif um Eurosonic 2025

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Friddensnobelpräisträger gëtt Leader vun der Iwwergangsregierung am Bangladesh

No Opléise vum Parlament

Friddensnobelpräisträger gëtt Leader vun der Iwwergangsregierung am Bangladesh

Am Bangladesch gëtt d'Iwwergangsregierung vum Friddensnobelpräis-Gewënner Muhammad Yunus geleet. Dat huet d‘Presidence matgedeelt no enger Reunioun tëschent dem President a Vertrieder vun der Arméi an der Studentegemeinschaft.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Rehman Asad

Dee 84-Joer alen Ekonomist Muhammad Yunus a seng Bank kruten 2006 de Friddensnobelpräis, well si mat klenge Prête Millioune Leit aus der Aarmut gehollef hunn.

Als Leader vun der Iwwergangsregierung ass säin deklaréiert Zil elo, d'Onrouen am Land ze berouegen an de Wee fir Neiwale virzebereeden. Dat nodeems d'Parlament opgeléist gouf, an d'Premierministerin Sheikh Hasina dës Woch, an der Suite vun de Protester géint si, zeréckgetrueden an aus dem Land geflücht war.