arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frënd oder Feind vun der Ukrain: Vu wou kënnt dem Donald Trump säi Richtungswiessel?

International

|
reading time

3 min

Frënd oder Feind vun der Ukrain: Vu wou kënnt dem Donald Trump säi Richtungswiessel?

Datt den US-President Europa de Réck dréint wier net nei. De Prof. Stephan Bierling vun der Uni Regensburg gesäit elo awer e klore Richtungswiessel vum Alliéierten an d’Lager vum Feind. Den Donald Trump wéilt d’Ukrain zwéngen ze kapituléieren.

reading time

3 min

© EPA/AARON SCHWARTZ / POOL
(Foto: EPA/AARON SCHWARTZ / POOL)

Dem Donald Trump säin Diesel-Deal mat Moskau, d’Aschränkunge wat d’Satellittekommunikatioun a Geheimdéngschtinformatioune fir d’Ukrain ugeet a manner amerikanesch Waffeliwwerungen. D’USA schéinen hir Roll als Ënnerstëtzer fir d’Ukrain net méi eescht ze huelen. Au Contraire, der Ukrain gi wéi et schéint bewosst Steng an de Wee geluecht, fir sech géint Russland ze verteidegen.

Wolodymyr Selenskyj gëtt zum Sündenbock 

Ass dës just eng Laun vum Donald Trump oder eng decisive Entscheedung? De Prof. Stephan Bierling mengt dës géif kloer mat de Midterms an den USA den 03. November zesummenhänken.

Den Donald Trump géif wéi sou oft ee Südenbock fir säin eegent Versoe sichen – an den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj kéimt hei grad giedlech: D’Ukrain sinn op d'Hëllef vun den USA ugewisen an de Selensky sëtzt domat um schwaachen Hiewel.

"Auf ihn lädt Trump alles ab, was bei ihm selbst schiefgegangen ist, nämlich dass er den Krieg nicht beenden konnte, dass er im Iran feststeckt, dass die Inflation nach oben geht. Das wird alles Selenskyj angelastet."

Hei géifen awer och nach wirtschaftlech Interesse mat ra spillen. Dem Uni-Professer no hätt de Wladimir Putin dem Donald Trump eng Illusioun verkaaft: US-amerikanesch Entreprisë kéinten och Geld aus de grousse Pëtrols-Raffinerien a Russland schloen.

"Trump kennt just d'Spill vun der perséinlecher Dominanz"

Datt den Donald Trump mat dësen Tricker de Wielerwëlle beaflosse kann, gleeft de Stephan Bierling net. Dem Donald Trump seng Sondagewäerter wieren am Keller.

"Nicht nur bei den Demokraten, da ist sowieso überhaupt niemand mehr für Trump, sondern vor allem bei den Unabhängigen, mittlerweile auch bei den republikanischen Wählern."

Hien wier de Republikaner ee “Klotz am Bein ” a géif probéiere vu senger Néierlag zu mindestens ofzelenken. Sollt hie bei de Tëschewale verléiere géif dëst awer kee groussen Ënnerscheed maachen

"Trump ist Trump ist Trump. Der kann nur ein Spiel. Das ist das Spiel der persönlichen Dominanz.“

Politik vun den Dekreeter 

Den US-President géif elo schon quasi ouni de Kongress regéieren obwuel d’Republikaner an den zwou Kummeren – Kongress a Senat – d’Majoritéit hunn. Seng Politik wier déi vun den Dekreeter.

“Er wird vielleicht sogar noch tobsüchtiger und rachsüchtiger werden, wenn er die Mehrheiten im Kongress verliert.” 

Fir den Expert wier den Donald Trump och kee wierklech Republikaner, eng Néierlag vu senger Partei wier him deemno och relativ egal.

Wat d’US-amerikanesch Aussepolitik ugeet wier de President am wäissen Haus sou oder sou Fiederféierend. D’Midterm-Wale géifen hei generell näischt drun änneren. An och wat déi amerikanesch Innepolitik ugeet kann den Trump weider per Dekreet agéieren.

Politesch wichteg Walen 

Wichteg wieren d’Walen trotzdeem: Den Donald Trump wier esou onpopulär wéi kaum een US-President virun him. D’Inflatioun am Land wier héich, d’Pëtrolspräisser wieren duerch de Plaffong gaangen an d’Korruptioun an den ieweschte Réie wier omnipresent. 

Wann d’Demokraten d’Walen elo net gewannen – wéini dann?

De ganzen Interview kënnt Dir hei lauschteren.