search

/ Fréiere konservativen Inneminister Bruno Retailleau wëllt franséische President ginn

Frankräich

|
headphones

1 min

Fréiere konservativen Inneminister Bruno Retailleau wëllt franséische President ginn

De freiere franséischen Inneminister a President vun de konservativen Les Republicains, de Bruno Retailleau, huet gëschter um Donneschdeg seng Kandiatur fir d'Walen am Fréijoer d'nächst Joer an de soziale Medien annonceiert.

headphones

1 min

© EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON
(Foto: EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON)

Wann hie géif gewielt ginn, da wéilt hie Referenden iwwer déi grouss Gesetzestexter organiséieren, esou d'Versprieche vum Bruno Retailleau. Weider huet hien ugekèennegt, d'Immigratioun géif ënner him drastesch reduzéiert ginn. 

Am Abrëll d'nächst Joer gëtt a Frankräich gewielt. Onkloer ass bis ewell, op d'Marine Le Pen vum rietsextreeme Rassemblement National sech ka fir d'Walen opsëtzen. Si ass fir den Ament an engem Appellprozess wéinst Verontreiung vu Sue vum Europaparlament. 

Zukunft vu Le Pen iwwerdeems nach net kloer 

Sollt d'Marine Le Pen dann nach eemol schëlleg gesprach ginn, ka si nach virun d'Cassatiounsgeriicht zéien. Dëst géif hier theoretesch och erlaben, sech bei der Presidentielle opzestellen.

Tëschent dem Urteel vum Appellprozess an dem Verdikt vum Cassatiounsgeriicht gëllt dës Spär nämlech net. Et ass awer zimmlech onwarscheinlech, datt d'Marine Le Pen bei enger weiderer Verurteelung géif an de Walkampf zéien.

Sollt d'Cassatiounsgeriicht si nämlech och schëlleg schwätzen, géif d'Spär direkt an endgülteg a Kraaft trieden. D'Entscheedung kéint matten an der decisiver Phase vum Walkampf kommen. Dëse Risiko wéilt ee beim RN net agoen, hat d'Parteicheffin scho kloergestallt.