Radioen

On air

Tockcity  |  Empire Of The Sun - Somebody's Son Feat. Lindsey Buckingham

play_arrow Live
search

/ Freedefeier: Verbuet oder net?

Zwou Gemengen, zwou verschidde Reegelungen

Freedefeier: Verbuet oder net?

Wësst Dir schonn, wat Dir Silvester um Mëtternuecht maacht? Gitt Dir ëm Mëtternuecht mat der Kippche virun d’Dier, den Nopere gratuléieren, an op d’Neit Joer ustoussen? Vill Leit maachen dat, an hoffen dobäi, ee Freedefeier ze gesinn.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© Adobe Stock play_arrow
(Foto: Adobe Stock)

Freedefeier suergt all Joers nees fir vill Diskussiounen: Tëscht deenen, déi wëllen hir Knupperte lassloossen, an deenen, déi vläicht éischter hir Rou wëllen hunn, oder Hausdéieren doheem hunn.

Iechternach: Eng Saach vu Respekt

An der Gemeng Iechternach ass, wéi a 75 anere Gemengen och, d’Schéisse vu Freedefeier op Silvester verbueden. D'Buergermeeschtesch Carole Hartmann erkläert, d'Gemengegesetz géif zwar virgesinn, datt ee kann eng Demande maachen, fir wärend enger gewëssener Zäit op enger gewëssener Plaz Knupperte lasszeloossen. Esou eng Demande wier - op d'mannst zënter datt si Buergermeeschtesch ass - awer nach net era komm.

Dowéinst géif ee fir de Moment och net de Besoin gesinn, fir eppes un dësem Reglement ze änneren, sou d’Carole Hartmann. De Verbuet vum Freedefeier géif an hirer Gemeng éischter begréisst ginn.

"Ech menge schonn, datt do och d’Leit, respektiv d’Gesellschaft, bëssen een op deen anere kuckt. Et ass jo och eng Demande vu ganz ville Leit, notamment déi, déi Déieren hunn."

An hiren Ae wier et eng Saach vu Respekt, deen ee vis à vis vu senge Matmënsche géing weisen, betount d'Buergermeeschtesch.

Si ass och der Meenung, datt d’Phänomen vum Freedefeier op Sylvester souwisou erof géing goen, an dat wier begréissenswäert, sou d’DP-Buergermeeschtesch.

"E Verbuet ass schwiereg ze kontrolléieren"

Ganz anescht gesäit dat de Buergermeeschter vun Ettelbréck, de Bob Steichen. A senger Gemeng hätt ee schonn e Joer probéiert, d’Freedefeier komplett ze verbidden, mee leider hätt et net de gewënschten Effekt gehat, sou de Bob Steichen. Et hätt guer näischt geännert. Dofir géif een elo drop setzen, datt een et zäitlech agrenzt: Tëscht 23:45 an 00:30 Auer dierf een zu Ettelbréck Freedefeier schéissen.

Dobäi géing dëst Konzept um gudde Wëlle vun de Leit baséieren, betount de Buergermeeschter.   

"Et hofft ee jo, datt dat dann ziviliséiert ofleeft an der Nuecht. Wichteg ass jo och, datt d’Leit net egal wou schéissen, datt do bëssen opgepasst gëtt, an datt si virun allem och herno den Dreck wechhuelen."

Op där enger säit wéilt een d'Freedefeier op Silvester net ganz verbidden, well et "awer zu Sylvester bëssen derzou zielt".. Mee op der aner Säit hätt een awer och d’Erfarung gemaach, datt esou ee Verbuet schwiereg wier fir ze kontrolléieren.

"Mir hoffen einfach, andeems mir et dann eben zäitlech agrenzen, datt sech méi un déi Zäiten och gehale gëtt."

Déi lescht Jore wier dat de Fall gewiescht, sou nach de Bob Steichen.

Lauschterenplay_arrow