search

/ Franséisch Zaldoten ënnerwee a Richtung Grönland, aner NATO-Membere wëlle sech uschléissen

Grönland

|
headphones

1 min

Franséisch Zaldoten ënnerwee a Richtung Grönland, aner NATO-Membere wëlle sech uschléissen

Och aner NATO-Memberen, dorënner Däitschland, Schweden an Norwegen, schécken Zaldoten op d'Insel. Dat op Demande vun Dänemark, deenen d'Insel gehéiert. Et géife gemeinsam Übunge gemaach ginn, esou de franséische President Macron.

headphones

1 min

© EPA/SHAWN THEW
(Foto: EPA/SHAWN THEW)

D‘USA hate jo ugekënnegt, et wéilt ee Grönland annektéieren. Ee Gespréich gëschter um Mëttwoch mat Vertrieder:inne vun Dänemark a Grönland zu Washington huet näischt bruecht. Et gi fundamental Divergenzen, sot duerno den däneschen Ausseminister.

Eng Aarbechtsgrupp soll elo méiglech Léisunge sichen.