arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franséisch ArcelorMittal-Aktivitéite sollen nationaliséiert ginn, esou den LFI

Frankräich

|
headphones

1 min

Franséisch ArcelorMittal-Aktivitéite sollen nationaliséiert ginn, esou den LFI

Ginn déi franséisch Aktivitéite vun ArcelorMittal nationaliséiert? Dat franséischt Parlament debattéiert haut um Donneschdeg jiddefalls iwwer eng deementspriechend Gesetzespropositioun vun der La France insoumise.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Patrick Pleul
(Foto: picture alliance/dpa | Patrick Pleul)

De Stolkonzern ass a Frankräich massiv ënner Drock: Déi lénk LFI gesäit an enger Nationalisatioun déi eenzeg Méiglechkeet fir déi 15.000 Aarbechtsplaze vum Grupp a Frankräich nach ze retten.

Dat kéint eng 3 Milliarden Euro kaschten.

Déi franséisch Regierung ass dergéint: De franséische Wirtschaftsminister Roland Lescure sot gëschter um Mëttwoch, och esou e Scheck géif näischt un der Kompetitivitéit änneren.