Bei dësem Treffe vun iwwer 20 Staats-a Regierungscheffen, dorënner de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden, gouf decidéiert, eng nei Koalitioun ze forméieren, fir der Ukrain méi Munitioun, Rakéiten a Bommen ze liwweren.
Iwwert den Asaz vu Buedemtruppen hätt et kee Konsens ginn, mee an Zukunft kéint näischt ausgeschloss ginn, sot den Emmanuel Macron. All Land kéint eegestänneg a souverän iwwert den Asaz vu Buedemtruppen decidéieren.