Radioen

On air

Notturno  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
search

/ Frankräich lancéiert Enquête iwwer sexuell Gewalt an der Arméi

No Temoignagen an der Press

Frankräich lancéiert Enquête iwwer sexuell Gewalt an der Arméi

A Frankräich gouf eng Inspektiounsmissioun iwwert sexuell Gewalt an der Arméi lancéiert. Dat no enger Serie vun Temoignagen an der Press.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Matteo Placucci
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Matteo Placucci)

Wéi den zoustännege Minister Sébastien Lecornu haut an enger Tribün am Le Monde schreift, soll de Rapport Enn Mee virleien. Zil wier et, fir d‘Prise en charge vun den Affer, d‘Sanktioune géint d‘Täter an d‘Preventiounsmoossnamen ze verbesseren.

Eleng d‘lescht Joer goufen iwwer 200 Dossieren a Verbindung mat sexueller Gewalt bei der franséischer Arméi opgemaach.