De Sven Clement huet dora behaapt, datt d'Fäll, wou Mannerjäreger Täter sinn, an de leschte Joren dramatesch zougeholl hätten.
Dat géif net stëmmen, d'Tendenz wier souguer éischter ëmgedréint oder op d'mannst konstant, sou den Inneminister Léon Gloden. A senger Äntwert liwwert de Minister och Zuelen. Sou sinn zum Beispill „Vols avec violence“ d'lescht Joer ëm 7 Prozentpunkten zeréckgaangen. Déi eenzeg Kategorie, wou et eng Hausse gëtt, ass „Vols avec violence et arme“. Mee well et sech do ëm kleng Fallzuelen handelt, wier eng statistesch Auswäertung schwiereg an et kéint ee keng pauschal Ausso maachen.