Radioen

On air

Notturno  |  High Fashion - Feelin' Lucky Lately

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich: Wat mécht de Rassemblement National esou staark?

Analys

Frankräich: Wat mécht de Rassemblement National esou staark?

Zwou Woche virun den Europawale läit de rietspopulistesche Rassemblement National a Frankräich mat 31 Prozent an de Sondagë wäit vir an huet bal duebel souvill Support ewéi d’Regierungspartei. Wat mécht den RN esou staark a wéi eng Sujete kéinte fir d’Wielerschaft a Frankräich entscheedend sinn?

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Panama Pictures | Dwi Anoraganingrum

Leschten Donneschdeg stounge sech den RN-Spëtzekandidat Jordan Bardella an de Premierminister Gabriel Attal an engem Televisiounsdebat géigeniwwer an hunn hir Visioune fir Europa verdeedegt.

Klimawandel, Migratioun, de Krich an der Ukrain oder d’Kafkraaft: Beim Debat tëschent dem Gabriel Attal an dem Jordan Bardella koum sou zimmlech all Sujet op den Dësch. Mee wat ass et dann, wat d’Wielerschaft a Frankräich dës Kéier am meeschte beaflosst? De Sébasiten Maillard, Beroder beim Institut Jacques Delors, gesäit eng kloer Tendenz.

“Le Rassemblement National fait tout ce qu’il peut pour en faire un référendum sur Macron et le président lui-même est ambivalent là-dessus, puisqu'il se met beaucoup en avant dans cette campagne. Il a donné des interviews quasiment plusieures fois par semaine. […] il le transforme aussi en enjeu sur sa personne.”

De russesche Prêt fir den RN spillt am Walkampf keng grouss Roll

Datt d’Regierungspartei Renaissance dës Kéier sou wäit hannert dem Rassemblement National läit, erkläert de Maillard och mat der staarker Walcampagne vum Sozialist Raphaël Glucksmann.

“Les électeurs de gauche, qui avaient pu voter pour Emmanuel Macron, se réfugiaient dans la liste de Raphaël Glucksmann. Mais si lui n'était pas là, sans doute que la liste d'Emmanuel Macron serait bien plus forte.”

Fir de Gabriel Attal war et also d’Erausfuerderung vis-à-vis vum Rassemblement National nees u Buedem ze gewannen. Hien huet sech kämpferesch gewisen an de Rietspopuliste virgehäit, datt si wéinst engem russesche Kredit elo am Interêt vu Moskau handelen.

“La Russie avait besoin d'un parti en Europe pour affaiblir l'Europe de l'intérieur, justement pour pas qu'on soit capable de défendre l'Ukraine et ses plans. Et donc ils vous ont financé, et depuis vous avez beau avoir remboursé votre dette, vous avez un contrat moral avec eux.”

E grousse Sujet, deen awer bei der Wielerschaft e wéineg ënner geet. Anescht ass dat bei der Migratioun, bei där de Jordan Bardella kloer Wierder fonnt huet.

“Le 9 juin prochain, c’est aussi un vote pour ou contre l’immigration massive.”

Den RN trëtt manner radikal op

Den RN fuerdert eng “double frontière”, also eng systematesch Ofweisung vu Flüchtlingsbooter a méi Kontrollen am Schengenraum. Dës Partei wier genee ewéi aner Rietspopulisten an Europa net méi sou staark anti-EU, andeems si keen Austrëtt aus der EU oder der Eurozon méi géife fuerderen, dofir géif hiren Afloss op riets an zentristesch Parteien awer zouhuelen, mengt de Sebastien Maillard.

“Le RN a rendu son propos européen moins virulent qu'avant, moins radical, et sur l'immigration, les autres ont repris un peu de sa radicalité.”

Beim Klimawandel setzt de Gabriel Attal op e groussen Investissementsprojet: 1.000 Milliarde sollen an de Klimaschutz fléissen. De Bardella huet iwwerdeems d’irrealistesch Klimaziler an d’Verbuetspolitik vun der Regierung kritiséiert. Eng typesch populistesch Taktik, mengt de Sébastien Maillard.

Renaissance wëll sech nach net geschloe ginn. Een nächste groussen Debat kéint nach kommen. De President Emmanuel Macron huet de Weekend annoncéiert, datt hie sech engem Debat mat der Marine Le Pen géif stellen. Dës ass och bereet, falls de President bei engem Echec demissionéiert oder d’Assemblée opléist.

Lauschterenplay_arrow