Radioen

On air

De Weekend  |  D’Kassandra am Boccaccio sengem Who’s Who

play_arrow Live
search

/ Frankräich: Staatsdefizit méi héich wéi virgesinn

15,8 Milliarden Euro manner wéi geplangt

Frankräich: Staatsdefizit méi héich wéi virgesinn

De franséische Statistik-Institut huet matgedeelt, datt de Staatsdefizit fir d’Joer 2023 net bei 4,9 Prozent vum PIB läit, wéi et d’Regierung virgesinn hat, mee bei 5,5 Prozent.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

Ongeféier 15,8 Milliarden Euro manner also an der Staatskeess ewéi geplangt an domadder rutscht Frankräich beim Defizit am europäesche Verglach ëmmer weider no hannen. 

D’Oppositioun reagéiert mat Kritik. D’Regierung wëll elo handelen.