Déi betounen nämlech, datt de Begrëff vun der Fräiheet rechtlech gesinn manner staark ass wéi de Begrëff vum Grondrecht. Beim Begrëff vun der Fräiheet kann de Legislateur nämlech letztendlech d‘Bedingungen festleeen, ënner deenen Schwangerschaftsofbrech méiglech sinn.
D‘Fro, ob d‘Recht op Ofdreiwung an der Verfassung verankert gëtt, gouf a Frankräich zejoert op en neits opgeholl. Dat nodeems an den USA dat garantéiert Recht op Ofreiwen am ganze Land opguerwe gouf a vill Länner vun dëser Decisioun schockéiert waren.