Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich: Lénkst Bündnis géint RN rifft zu Demonstratiounen op

Neiwalen

Frankräich: Lénkst Bündnis géint RN rifft zu Demonstratiounen op

Déi lénks Parteien a Frankräich annoncéiere virun den Neiwalen ee gemeinsame Programm a gemeinsam Kandidaten an all Walbezierk. Si hunn och zu Massendemonstratiounen dëse Weekend opgeruff.

auto_stories

2 min

© Bigstock / PaulMaguire

No enger Reunioun gëschter Owend hunn d‘Sozialisten, Ekologisten, Kommunisten a La France Insoumise e gemeinsamen Appell gemaach, fir eng nei "populär Front" géint de Riets-Populismus ze schafen.

Dausende Leit hu gëschter Owend schonn an e puer franséische Stied géint de Rassemblement National a géint Riets-Extremismus manifestéiert.

Sondagë soe Victoire fir RN eraus

Och op der rietser Säi gëtt iwwer Allianzen diskutéiert. De Chef vum Rassemblement National Jordan Bardella an déi fréier Presidentin Marine Le Pen hat gëschter Owend Gespréicher mat der Marion Maréchal, Presidentin vum der rietsextremer Partei Reconquête. Zil wier et, eng méiglechst breet Majoritéit ze forméieren, esou de Jordan Bardella. D‘Marine le Pen huet och eng eventuell Zesummenaarbecht mat de konservative Republikaner an Aussiicht gestallt.

D‘Marine Le Pen huet iwwerdeems an engem Interview mat TV1 gesot: Am Fall vun enger Victoire vun RN bei de Wale géif si dem Jordan Bardella de Wee fräiloosse fir Premier ze ginn.

Engem Sondage vum Institut Harris Interactive - Toluna no géif de Rassemblement National am éischten Tour vun de Walen den 30. Juni stäerkste Kraaft ginn, mat 34 Prozent vun de Stëmmen.

De franséische President Emmanuel Macron soll de Mëtteg nach eng Pressekonferenz ginn. Hien hat virgëschter d‘Assemblée Nationale opgeléist an Neiwalen annoncéiert. Dat no der Victoire vum Rassemblement National bei den Europawalen.