Den Ticket fir der Françoise hir Performance All is Whole warnt Zuschauer, datt eventuell Blutt am Stéck virkomme kéint. Et fänkt awer ganz entspaant un. D‘Françoise, wat an doucë brongen a beigen Téin ugedoen ass, guidéiert d‘Leit an eng berouegend Meditatioun.
Vill Symbolik
Da béit sech d‘Kënschtlerin lues no hannen, an trëppelt quasi an der Bréckepositioun rëm no vir. Si bilt dobäi eng ganz ongewinnte Kierperpositioun, déi wäit iwwer gewéinlecht Deenen erausgeet.
Virun hir läit eng dënn, wäiss Decke mat Linnen aus ongeschlaffenen Selenit-Staangen – dat si Gipskristaller, déi bësse wei Mëllechglas ausgesinn.
D‘Kënschtlerin setzt sech da virun d‘Decken an et trëtt eng Fra no vir déi ganz schwarz ugedoen ass. Si huet eng Mask a steril Hännercher un. Dëst ass eng Piercerin, déi dem Françoise elo siwen temporär Ankerpunkten op der Héicht vun hirem Schlësselbee stécht.
Vill Blutt - mee de Public ass net schockéiert
"Did you ever have a dream so real it turned into a memory?", freet si an enger Opnam. Gläichzäiteg leeft en hypnotesche Bass am Hannergrond. Dëst ass eng Soudscape vum Artist Jar Jor.
D‘Françoise hänkt déi Linnen un hir frësch gestache Piercingen a kreéiert esou eng Zort Rideau aus Selenit-Kristallen, dee si mat hirer Haut manipuléiere kann. Dëst ass dann och de bluddege Moment, virun deem gewarnt gouf, mee Zuschauer an den Hydra Studios weise sech net sichtlech schockéiert. Et ass och offensichtlech, datt et ëm vill méi geet wei just dës Body Modification.
"Also an der Performance geet et drëm, tëschent dem conscious an dem subconscious hin an hier ze driften."
Immens Konzentratioun ass gefrot
Et ass eng immens intensiv Erfarung, déi ëmmer tëschent Zäertlechkeet a Péng pendelt. Et héiert een déi douce Stëmm, déi sech Froen iwwer Dreem an Erënnerunge stellt, a gläichzäiteg gesäit ee wéi d‘Françoise ee Piercing nom anere gestach kritt.
D‘Rout vum Blutt kontrastéiert mat de beige Kleeder vun der Kënschtlerin.
D‘Françoise otemt déif an an aus. Si muss sech immens konzentréiere fir dës Performance.
"Doduerch, datt ech dee Pulling a de Piercing gemaach kréien, do muss e sech immens fokusséieren, datt een domadder richteg ëmgeet och. Well et ass esou een ongewéinlecht Gefill an du wëlls esou roueg an entspaant wéi méiglech bleiwen. Et ass schonn, datt een awer säi State of mind scho bësse verännert."
Mat der Stëmm experimentéieren
An der Performance zu London huet si och Gesangs-Elementer mat agebaut, déi no Growling geklong hunn, wéi ee se och am Death Metal héiert.
Am Fréijoer war d‘Françoise an der Residence an der Escher Squatfabrik. An do hat si och ugefaange, mat hirer Stëmm ze experimentéieren.
"Et geet mir drëm fir meng Stëmm wierklech ze pushen. Ech sinn halt besonnesch um Metal-Sangen intresséiert an ech probéieren dat Gejäiz do rauszekréien. Et ass mega intressant, well et deng ganz Energie um Kierper total verännert. Ech freeë mech, datt ech lo do den Ufank gemaach hunn an dat weider erfuersche kann."
D‘Françoise, déi jo geléiert Kontorsionistin ass, gesäit dëst neit Experiment als Kontorsioun vun der Stëmm.
"Also mir geet et halt a menger Konscht wierklech dorëm, datt een de Kierper an de Mind verzerrt. Also déi Iddi, datt alles, wat mir gesinn, lo net déi ganz Wourecht ass. Datt ee wierklech nach kuckt, wat geschitt alles, wat een net mam plakegen Ae gesäit."
Zweet Solo Show schonn an der Preparatioun
D‘Kënschtlerin fuerdert vill vun hirem Kierper. Si erfuerscht Limitten a widdersetzt sech esou natierlech och enger Rëtsch gesellschaftlecher Normen. Ass hir Konscht da politesch?
"Ech denken, wann eng Fra mat hirem Kierper mécht, wat si wëllt, ass dat op alle Fall e feministesche Statement. Ech si lo net onbedéngt, datt ech dat lo esou wëll advertisen, well ech denken, datt jiddereen, dee sech dat ukuckt, dat intuitiv esou versteet och. Fir mech geet et méi drëms, sech selwer ze verstoen an dat ass fir mech och politesch."
D‘Françoise seet, si géing och hir Skulptur Praxis wëllen erweideren an op Installatiounen hischaffen. Si preparéiert grad hir zweet Solo Show, déi si als grouss Installatioun beschreift.
Fir déi ze gesinn, muss een allerdéngs nach bis d‘nächst Joer waarden.