arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martin Parr: De Meeschter vun der satirescher Fotografie

Noruff

|
headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Martin Parr: De Meeschter vun der satirescher Fotografie

De Martin Parr, ee vun de gréisste brittesche Fotografen, ass am Alter vun 73 Joer gestuerwen. Hien huet iwwer Joerzéngten de britteschen Alldag an och d'Konsumverhalen aus dem Westen dokumentéiert, an dat mat immens vill Humor. Deen hat awer net jiddweree gär. Hei een Noruff vum Claire Barthelemy. 

headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow
De brittesche Fotograf Martin Parr ass am Alter vun 73 Joer gestuerwen. | © picture alliance/dpa | Daniel Karmann
De brittesche Fotograf Martin Parr ass am Alter vun 73 Joer gestuerwen. (Foto: picture alliance/dpa | Daniel Karmann)

Eng Fra läit op engem Duch um Bëtongsbuedem a sonnt sech. Direkt hanner hir steet ee verstëbste Bagger. An engem Glacëbuttek kuckt eng Verkeeferin gelangweilt an d‘Kamera, wärend Kanner virun der Théik zesummegedréckt op hir Glace waarden.

Dëst si puer vun de bekanntste Fotoe vum Martin Parr, déi hien op enger Plage zu New Brighton, enger delabréierter Stad bei Liverpool, gemaach hat. 

Opgewues an engem langweilege Londoner Viruert

Wärend Plagevakanzen soss ganz idyllesch duergestallt ginn, huet de Martin Parr Bëtong, Sonnebrand a Kanner geknipst, déi sech mat Ketchup a Glace voll gesabbelt hunn. Seng Serie vun 1986 mam Titel "The Last Resort" huet hien heiheem an am Ausland berüümt gemaach.

De Martin Parr gouf 1952 zu Surrey gebuer, eng Grofschaft südlech vu London, déi virun allem als Pendlerregioun bekannt ass. Hien hat et hei immens langweileg fonnt, wat him awer duerno als Fotograf zum Virdeel gouf, sot hien an Interviewen. Well wann een d‘Londoner Virstad toleréiere kéint, da géing een alles anescht intressant fannen, sot hien. 

© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

Leit observéiere war seng Passioun

Et war säi Grousspapp, deen him d‘Fotograféiere bäibruecht huet. Seng Obsessioun hätt en awer vu sengen Elteren, déi ganz passionéiert Villercher beobacht haten. Wei aner Leit Déieren observéieren, esou huet hien d‘Leit beobacht, wéi se ausgesinn, wéi se wunnen a wat wat se iessen.

Virun allem ass de Martin Parr fir säin Humor beléift. Och wann hien dee selwer gären erofgespillt huet, esou de Fotograf an engem Interview mat der BBC.

“One of the good things about Britain is that we do have a good sense of humour. All I'm doing is seeing the things that I think are interesting, sometimes they are funny too. And people are funny so how can the work not be funny at some point in their production. But I don't think of myself as being a humourous photographer, it‘s just naturally, you know, life is strange and life is funny.”

Faarweg amplaz schwaarzwäiss

Mat sengen helle Faarwen a staarkem Blëtz hat hie mat der Traditioun gebrach. Dokumentar-Fotografen haten nämlech bis dohinner ëmmer mat schwaarzwäiss Filmer geschafft.

Op faarweg Fotografie gouf erofgekuckt. Déi war fir kommerziell Aarbecht oder ebe fir Vakanze geduecht, net fir seriö Fotografen.

Wéi dunn Amerikaner wéi de William Eggleston bemol faarweg fotograféiert hunn, hat de Martin Parr dunn och dee Schratt gemaach.

Witz a Liichtegkeet, déi net jidderengem gefall huet

Seng Fotoen hunn eng immens Liichtegkeet, hanner der sech awer dacks ee méi seriöen Hannergrond verstoppt. Seng Aarbecht vun der New Brighton Plage sinn Dokumenter vun Aarmut an Ongläichheet, déi a Groussbritannien ënner der Regierung vun der Margaret Thatcher immens an d‘Luucht gaange waren.

An heifir krut hien och vill Kritik: Verschidde Leit hunn nämlech fonnt, datt seng witzeg Fotoe vun "The Last Resort" sech iwwer déi brittesch Aarbechterklass lëschteg maache géingen. De Martin Parr huet ëmmer betount, datt d‘Kritik réischt opkomm wier, wéi seng Biller zu London gewise goufen, wou och nach haut vill Leit net wëssen, wei d‘Realitéit am Norden ausgesäit.

© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

Groussbritannien ass ëmmer d'Heemecht bliwwen

Trotzdeem hat hien duerno och d‘Kamera op de Mëttelstand geriicht. "The Cost of Living" ass e satiresche Bléck op d‘Middle Class wärend de Thatcher-Joren. An hien huet och an den 1990er Joren d‘Konsumverhalen an den Tourismus vun de Leit aus dem Westen ënner d‘Lupp geholl. 

Mee hien huet ëmmer rëm de Wee zeréck fonnt op säin Haaptsujet, an dat war Groussbritannien.

"I've been photographing the English for about 40 years now and I have a sort of love hate relationship with the country that I'm from. And part of the process of being a photographer is it's a form of therapy where you can almost experience these two extremes. One of the reasons that I am liking this is it when you get a picture that works, it's often got a bit of tension between those two ideas within it, because the country is neither good or bad." 

Och Fotoe vu Lëtzebuerg ginn et

De brittesche Fotograph huet iwwer Joerzéngten obsessiv fotograféiert. Hien huet méi wei 130 Fotobicher erausbruecht. Hie war sech bewosst, wéi een historesche Wäert seng Aarbecht hätt, an huet 2014 d‘Martin Parr Foundation gegrënnt. Dës preservéiert zu Bristol säin Archiv. Och gëtt d‘Fondatioun Boursë fir Jonker a sammelt Fotoe vun aneren ireschen a brittesche Fotografen. 

An engem rezenten Interview mat der Agence France Press huet de Martin Parr gesot, d‘Welt hätt nach ni esou dringend Satire gebraucht wéi haut. "The state we're all in is appalling. We're all too rich. We're consuming all these things in the world. And we can't. It's unsustainable."

De Martin Parr huet 2006 och eng Rëtsch Fotoen zu Lëtzebuerg gemaach, déi d’Stad Lëtzebuerg an d’Groussregioun an Optrag ginn hat. Dës Fotoe sinn an der Kollektioun vum Mudam.

 

play_arrow Lauschteren