D‘Wierk dréit den Numm "Portrait of Elisabeth Lederer". D‘Vente huet 20 Minutte gedauert an de Keefer ass anonym bliwwen.
arrow_back_ios
100komma7.lu
Konscht
|Bild vum Gustav Klimt fir 236 Milliounen Euro versteet
Bei enger Auktioun zu New York ass e Bild vum éisträichesche Moler Gustav Klimt fir iwwer 236 Milliounen Euro versteet ginn. Et ass den zweethéchste Präis, dee jeemools bei enger Auktioun fir e Bild bezuelt gouf.
(Foto: picture alliance / Pacific Press | Lev Radin)