arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ VR-Brëller an 3D-Drucker: Am Kulturhaus SPEKTRUM passt ee sech den neien Technologien un

Konscht a Kultur

|
headphones

2 min

headphones

11 min

play_arrow

VR-Brëller an 3D-Drucker: Am Kulturhaus SPEKTRUM passt ee sech den neien Technologien un

Am Kulturhaus SPEKTRUM zu Rëmeleng kënne Visiteure Konscht op eng immersiv Aart a Weis erliewen an och selwer erschafen. Am Laf vun de Joren huet sech d’Ausstellung am Haus un déi digital Entwécklung an den Usage vun den neien Technologien ugepasst. Esou ginn och Workshops ugebueden, an deenen d’Participanten hir eegen digital Skulpture kreéieren.

headphones

2 min

headphones

11 min

play_arrow
Guy Wolff | © Chris Zeien
Guy Wolff (Foto: Chris Zeien)

Am Moment leeft eng Ausstellung mam Numm Re-Connected am Kulturhaus, erkläert de Guy Wolff, den Direkter vum Konscht- a Kulturzentrum SPEKTRUM zu Rëmeleng. Dës Ausstellung  wëll de Leit eng méi zäitgeméiss Konscht weisen andeems een - ënner anerem - mat méi modernen Technologien de kënschtleresche Prozess ënnerstëtzt oder och matenee verbënnt.

Mam 3D-Drucker eegene Skulpture schafen

Ee vun dëse neie Projeten ass d’Schafung an d’Ausstellung vun digital kreéierte Skulpturen. Esou Skulpture ginn zum Beispill mat engem VR-Brëll virtuell an dräidimensional duergestallt, fir da spéider um Ecran oder mat Hëllef vun engem 3D-Drucker geprint an ausgestallt ze ginn, seet de Guy Wolff.

Heizou sinn och Workshops an d’Liewe geruff ginn, an déi sech d’Leit aschreiwe kënnen, fir selwer dierfen eege Skulpturen ze schafen an och mam 3D-Drucker printen ze loossen.

Mat de Leit reconnectéieren

D’Zil vu Re-Connected wier et net nëmmen d’Oeuvren an de Kënschtler an de Vierdergrond ze stellen, mee och de Prozess vum "Konscht-Schafe" selwer, d’Matmaache vun de Leit an d’Immersioun sinn dem Guy Wolff no wichteg Aspekter vun der Ausstellung.

An Zukunft wéilt een och nach méi mat de VR-Brëller schaffen an nei Projeten an der virtueller Welt ubidden, seet den Direkter. Am Moment kënne bei hinne Filmer mat deene Brëller gekuckt ginn.

Fir e Rendez-vous zu Rëmeleng am Kulturhaus auszemaachen, fannt Dir méi Infoen op hirem Website spektrum.lu.

 

play_arrow Lauschteren