arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Oppositioun begréisst d'Demissioun vum CNA-Direkter Gilles Zeimet

"Family of Man"

|
reading time

3 min

D'Oppositioun begréisst d'Demissioun vum CNA-Direkter Gilles Zeimet

De staatleche Centre National de l’Audiovisuel vun Diddeleng kritt en neien Direkter. No méintelaange Virwërf vu schlechter Gestioun a schlechter Stëmmung am CNA, huet den DP-Kulturminister Eric Thill de Mëtteg d’Demissioun vum CNA-Direkter Gilles Zeimet annoncéiert.

reading time

3 min

Gilles Zeimet | © Radio 100,7
Gilles Zeimet (Foto: Radio 100,7)

De Minister war an der parlamentarescher Kulturkommissioun fir seng Schlëss an der Affär “Family of Man” ze zéien. An der Expo sollen d’Fotoen ze héijer Fiichtegkeet ausgesat gi sinn.

Den CNA, wéi och de Kulturminister haten ëmmer nees confirméiert, datt dat net iwwer ee längeren Zäitraum de Fall gewiescht wier. Bei deenen Analyse gouf allerdéngs den Duerchschnëtt vun all de Raim gekuckt an net vun de Raim eenzel.

Kulturminister raumt Feeler an

D’Oppositioun, virop déi Lénk, hate kritiséiert, datt d’Chamber an deem Kader net richteg informéiert gi wier.

Hien hätt déi Informatiounen, déi hie kritt hätt, eent zu eent weiderginn, esou den DP-Kulturminister Eric Thill. 

"Den Direkter huet mir net méi spéit wéi gëschter gesot, datt hien no beschtem Wëssen a Gewësse gehandelt huet. Dat hunn ech gëschter zur Kenntnis geholl." 

Et géifen elo och weider Schrëtt ënnerholl ginn, esou de Minister. 

"Datt mer e Monitoring maache vun deene Konschtwierker. An dass mer zousätzlech onofhängeg Systemer wäerten aféieren, fir eeben och déi Donnéeën am Live -Zoustand ze kënnen ofzeliesen."

De Gilles Zeimet hätt aus fräie Stécker demissionéiert, esou nach de Kulturminister, deen iwwerdeems ageraumt huet, e Feeler gemaach ze hunn.

An engem RTL-Interview hat hien nämlech gesot, datt d’Wierker maximal e puer Minutten ze héijer Fiichtegkeet ausgesat gewiescht wieren. Haut huet hien dës Ausso revidéiert.

Oppositioun begréisst Demissioun vum Direkter 

Datt den CNA-Direkter demissionéiert huet, no méintelaange Virwërf vu schlechter Gestioun, schlechtem Aarbechtsklima a finalement falschen Informatiounen iwwer d’Ausstellung “Family of Man”, ass eng Konsequenz, déi de Marc Baum vun déi Lénk begréisst.

"Datt den Direkter demissionéiert huet, ass déi eenzeg logesch Konsequenz. Ech mengen och, datt en dem Minister domadder ganz staark entgéintkomm ass, well eng weider Reunioun wéi déi, déi mer elo an der Vergaangenheet haten, wier wierklech insupportabel gewiescht."

De Franz Fayot vun der LSAP gesäit et änlech an hëlt och den DP-Kulturminister Eric Thill fir d’Kontroverse ronderëm den CNA an d’Verantwortung.

"Et wonnert mech wéi laang hei nogekuckt ginn ass an et wonnert mech och, dass net do vill méi staark a vill méi schnell agegraff ginn ass, fir dass d'Chamber géif all d'Informatioune kréien, déi se musse kréien, fir hei kënnen hire Contrôle ze exerzéieren."

Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard rechnet dem Minister un, datt hie seng Ausso revidéiert huet. 

"Ech muss soen, et kënnt net all Dag vir, datt e Politiker sech entschëllegt fir e Feeler, deen e mécht. An dat ass eppes, wat ech zegutt halen."

Den demissionären CNA-Direkter Gilles Zeimet huet iwwerdeems an engem schrëftleche Statement matgedeelt, datt hien zu all Moment seng Funktioun no beschtem Gewëssen ausgeüübt hätt. Seng Persoun wier awer a leschter Zäit ëmmer méi an de Fokus geréckelt, wat eng effikass Weiderféierung vu senger Missioun erschwéiert hätt.