arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Monument fir verstuerwene Grand-Duc Jean gëtt vum Sculpteur Jonas Ademes realiséiert

Groussherzoglechen Haff

|
reading time

1 min

Monument fir verstuerwene Grand-Duc Jean gëtt vum Sculpteur Jonas Ademes realiséiert

De Jonas Ademes aus Däitschland ass zeréckbehale gi fir d’Konzeptioun, d’Realisatioun an d’Installatioun vun engem Monument fir de verstuerwene Grand-Duc Jean.

reading time

1 min

© Ministère d'Etat
(Foto: Ministère d'Etat)

De Projet vum Sculpteur, deen 1991 zu Bitburg gebuer an deem seng Mamm vu Miedernach ass, géif sech duerch seng artistesch Qualitéit auszeechnen, heescht et.

D’Monument kënnt tëschent d’Fondation Pescatore an de Lift fir an de Pafendall stoen a soll Mëtt d’nächst Joer ageweit ginn.