D’Zuel u Petitiounen, déi poséiert ginn, géife weider an d’Luucht goen, seet d’Kommissiounspresidentin Francine Closener am 100,7-Interview. Awer d’Zuel un Ënnerschrëfte géif erofgoen.
“Mir haten e Pic wärend der Pandemie. Wou natierlech ganz vill Leit rose waren iwwer d’Impfen, iwwer d’Aschränkungen a sech do och motivéiert gefillt hunn, déi jeeweileg Petitiounen ze ënnerschreiwen. Um Niveau vun de Signaturen si mir eigentlech erëm pre-covid elo.”
E komeschen Zoufall?
D’LSAP-Politikerin seet, wann d’Erhéijung vum Seuil eppes mam Réckgank vun den Ënnerschrëften ze dinn hätt, da misste jo vill Petitiounen tëschent deem alen an deem neie Seuil hänke bleiwen. An dat wier just bei enger eenzeger Petitioun de Fall gewiescht: An zwar bei där iwwer d’Unisex-Toiletten.
“Do huet et ausgesinn, datt déi Petitioun warscheinlech de Seuil erreecht hätt (deen neie Seuil). A wéi d'Regierung awer dunn no e puer Deeg zeréckgeruddert ass, an eigentlech jo dann hire Projet amendéiert huet, war eigentlech de But vun där Petitioun schonn erreecht, éier et iwwerhaapt zu engem Debat public komm ass. An et ass déi aller eenzegst, déi hänke bliwwen ass. Déi allermeeschte Petitioune kréie knapps 1.000 Ënnerschrëften.”
Verspriechen u Refill Luxembourg goufen net ëmgesat
D’Francine Closener kéint d’Enttäuschung vum Petitionär vu Refill Luxembourg verstoen. Hien hätt vun der viregter Regierung versprach kritt, datt wann eng Sensibiliséierungscampagne näischt géif bréngen, datt ee Gesetz géif geschafe ginn. Dat wier awer net geschitt.
Déi aktuell Petitiounskommissioun an der Chamber hätt am November zejoert e Bréif un d’Majoritéitsdeputéiert an d’Regierungsmembere geschéckt, fir un d’Wichtegkeet vum Suivi vun engem Debat public ze erënneren.
Am Fall vu Refill Luxembourg wier d’Francine Closener net en courant gewiescht. Iwwerdeems wërft si d’Fro an de Raum, ob eng nei Regierung dozou verflicht ass d’Versprieche vun der viregter Regierung weiderzeféieren.
Wéinst techneschem Problem um Chambersite - Delai fir Petitioune gëtt verlängert
Den Internetsite vun der Chamber geet nees deelweis. Den Deel fir Petitiounen ze ënnerschreiwen ass awer ëmmer nach an der Maintenance. D’Francine Closener seet am 100,7-Interview, datt d’Ursaach vum Problem wuel op eng Cyberattack zeréckzeféiere wier.
“Ech weess, datt et en informatesche Problem gëtt. Et schéngt den Ufank oder de Versuch vun enger Cyberattack gewiescht ze sinn. En Detail weess ech net.”
De Petitiounssite sollt awer haut, am Laf vum Freideg, nees online goen, esou d’Francine Closener.
Si verséchert iwwerdeems, datt d’Delaie fir d’Petitioune wäerte verlängert ginn, ëm deen Zäitraum wéi de Site net funktionéiert huet: Also Stand Freideg Moien ëm dräi Deeg.
Eng lieweg an dynamesch Partei?
No véier Joer als Co-Parteipresidentin huet d’LSAP-Politikerin dee Posten opginn, well si elo Plaz fir nei Leit mat neien Iddien hätt wéilte maachen.
“Et war eng ganz interessant an intensiv Zäit a mir hunn eigentlech dat, wat mir eis virgeholl hate fir ze maachen (d’Partei ze moderniséieren, méi attraktiv ze maache fir jonk Leit an och fir Fraen, ...) erreecht.”
Si hätt iwwerdeems de Poste vun der Co-Presidence net wéinst Onrouen an der Partei opginn. D’LSAP wier déi Partei, an där am meeschten diskutéiert gëtt an dat géif och ganz vill Leit unzéien. Natierlech dierften intern Diskussiounen net d’Iwwerhand iwwer den Inhalt huelen, mee et bräicht ee béides, esou nach d’Francine Closener.