Radioen

On air

Concert  |  Vun heroeschen Téin, polneschen Aflëss an impressionistesche Klangfaarwen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frae solle méi fréi a méi laang Mammografië maache kënnen

Vu 45 bis 74 Joer

Frae solle méi fréi a méi laang Mammografië maache kënnen

An Zukunft kënne Frae scho mat 45 Joer den Depistage-Programm fir Broschtkriibs maachen. Dat deelt de Gesondheetsministère haut mat.

auto_stories

1 min

De Programm gëtt och bis 74 Joer verlängert, bis elo gouf d‘Mammografie fir Fraen tëscht 50 a 70 Joer ugebueden. 

Och den Depistage fir den Daarmkriibs gëtt an Zukunft fir Fraen a Männer, vu 45 bis 74 Joer un ugebueden, bis elo ass dee Programm réischt vu 55 Joer un ugaangen. 

Dës Mesurë sollen erméiglechen, Anomalien nach méi fréi z‘entdecken a preventiv ze handelen.

Domat wier op eng Recommandatioun vum EU-Conseil a vum Conseil scientifique du domaine de la Santé zu Lëtzebuerg reagéiert ginn.