Lëtzebuerg hat een europäeschen Haftbefeel géint d‘Fra ausgestallt. Si kritt virgehäit, eng relativ féierend Roll am Netzwierk, dat benotzt gouf fir déi geklaute Sue wäisszewäschen, ze spillen, esou de Parquet.
arrow_back_ios
search
Caritasaffär
|Parquet confirméiert: Eng Persoun gouf am Kader vun der Caritas-Affär verhaft
De Parquet huet dem 100,7 déi Nouvelle vum Lëtzebuerger Wort vu gëschter confirméiert. D‘Wort hat sech fir hir Nouvelle op italieenesch Medie baséiert. Déi 41 Joer al Fra soll fir d‘Bankcompten zoustänneg gewiescht sinn iwwer déi déi 61 Milliounen Euro vun der Caritas geklaut goufen.
(Foto: radio 100,7)