D‘Police huet doropshin de Bus bei der belscher Stad Gent gestoppt. 3 Mënsche goufe festgeholl, sou de Parquet vun Ost-Flanderen. De Bus gouf evakuéiert an duerchsicht, et wieren och Sprengstoff-Hënn am Asaz gewiescht.
Bis elo kéint nach net confirméiert ginn, ob eng reell Terror-Gefor besteet. Den Terroralarm géif awer den Ament net eropgesat ginn.