Déi US-amerikanesch National Highway Traffic Safety Administration huet elo Resultater vun enger neier Etüd publizéiert, déi d’Thees vum Gender Safety Gap stëtzen. Zwar wier dës geschlechtsspezifesch Sécherheetslück an de leschte Joren duerch d’Erneierung vum Fuerpark schonn däitlech méi kleng ginn.
Weibleche Crashtest-Dummy
Dobäi kënnt, datt och aner Facteuren, zum Beispill d’Aart vum Crash oder den Alter vum Passagéier, eng Roll spillen. Fir weider géint dëse Gender Safety Gap virzegoen, soll an den USA dofir elo och en neie Crashtest-Dummy agesat ginn, an zwar e weiblechen, an net méi just dat männlecht Standardmodell.
Och an Europa gëtt an der Haaptsaach e männleche Standard-Dummy agesat. Hie gouf an de 1970er Joren an den USA entwéckelt, ass 1,75 Meter grouss an 78 Kilo schwéier. Dobäi huet een sech op de Medianwäert baséiert, wat bedeit, datt d’Hallschent vun de Männer méi kleng a méi liicht, déi aner Hallschent méi grouss a méi schwéier.
Keng EU-Virschrëft fir e weiblechen Dummy
Eng Virschrëft, datt an Europa och e weibleche Pendant bei Crashtests agesat muss ginn, gëtt et net, wat d’Transportkommissioun vum Europaparlament, där déi lëtzebuergesch Deputéiert Tilly Metz ugehéiert, an der Vergaangenheet kritiséiert huet.
Dobäi gouf och an Europa schonn e weiblechen Dummy entwéckelt, an zwar vun der Astrid Linder, enger renomméiert schweedesch Professesch fir Verkéierssécherheet a Fuerscherin um schweedeschen nationale Stroossen- an Transportfuerschungsinstitut.
D’Eva, esou den Numm vun der Popp, ass 1,62 Meter grouss a weit 62 Kilo. Hire Broschtberäich, de Becken an d’Hëft sinn dem weibleche Kierper noempfonnt, a si huet och en aneren Torso- a Muskelopbau wéi hire männleche Pendant.
Berücksichtegt gouf och, datt Fraen en anere Kierperschwéierpunkt hunn ewéi Männer.
Autoshiersteller orientéiere sech u Männer
All dëst géif nämlech dozou féieren, datt Fraen a Männer ënnerschiddlech Verletzunge vu sech droen. Virun allem wann en Auto engem hannendrop rennt, wiere Fraen engem méi héije Risiko ausgesat.
Autoshiersteller orientéiere sech bei hirem Equipement - wéi dem Airbag, de Sécherheetsgurter oder de Sëtzer - awer quasi ausschliisslech um männleche Kierper. En Nodeel fir Fraen.
Der Astrid Linder hiren Dummy kéint heirun eppes änneren, wann en an dann an der EU géif agesat ginn.
Mat hirer Fuerschung hat d’Astrid Linder et iwwregens am Joer 2023 op d’Lëscht vun den 100 Most inspiring and influential woman weltwäit gepackt.