arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir een Dag Riichter oder Affekot sinn: Kanner tauchen an d'Welt vun der Justiz an

YOUstice-Atelieren

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Fir een Dag Riichter oder Affekot sinn: Kanner tauchen an d'Welt vun der Justiz an

Wéi funktionéiert d'Justiz a wéi eng Rechter hunn d'Kanner? Mat dëse Froen huet sech eng Schoulklass aus dem Cycle 4.2 an der Cité judiciaire an der Stad beschäftegt.

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
© Chris Meisch
(Foto: Chris Meisch)

Am Kader vum YOUstice-Atelier hunn d'Kanner sech mat hire Rechter an der Aarbecht vun der Justiz auserneegesat, mat Experte geschwat a konnten och selwer an d'Roll vu Riichter an Affekoten tauchen.

Den Atelier gouf vum Zentrum fir politesch Bildung an Zesummenaarbecht mat der Justiz organiséiert. Am Kader vum Weltkannerrechtsdag, den 20. November, stounge besonnesch d'Rechter vun de Kanner am Mëttelpunkt.

D'Symbolfigur vun der Gerechtegkeet

Schwaarz Roben, wäiss Kollien, an e grousse Geriichtssall mat héije Fënsteren: Wou soss Riichter an Affekote sëtzen, hunn elo Kanner aus der Primärschoul Plaz geholl. Fir si ass et eng aussergewéinlech Geleeënheet, d'Justiz emol aus enger anerer Perspektiv kennenzeléieren. Den zwielef Joer alen David ass begeeschtert.

"Et ass incroyable, well et ass fou, et ass einfach gäil hei ze sinn. Du fills dech grouss un.“

© Chris Meisch
(Foto: Chris Meisch)

Beim YOUstice-Atelier geet et awer net nëmmen drëm, an engem Geriichtssall ze sëtzen. D'Kanner solle verstoen, wéi d’Lëtzebuerger Justiz funktionéiert a wat Gerechtegkeet eigentlech bedeit.

Dofir hu si sech a Gruppen ënner anerem mat der Justitia beschäftegt, der Symbolfigur vun der Gerechtegkeet. Aus verschiddene Biller hu si déi erausgesicht, déi fir si am beschten dozou passen.

Wichteg ze weisen, wéi "déi Welt dobausse fonctionéiert"

D'Patricia Feider vum Zentrum fir politesch Bildung, déi den Atelier leet, wëllt, datt d'Kanner d'Institutiounen net nëmmen aus Bicher oder aus dem Schoulunterrecht kenneléieren.

"Et ass eis wichteg, d'Schüler aus der Schoul eraus an d'Liewen ze huelen an, datt si gesinn, wéi déi Welt dobausse fonctionéiert, datt si Deel dovunner sinn."

D'Kanner hunn och mat Vertrieder vun der Justiz geschwat. Dobäi goufen et net nëmmen Äntwerten op hir Froen, mee och d'Méiglechkeet, sech mat hiren eegene Rechter ze beschäftegen.

Fir ee vun de Kanner steet virun allem d'Matbestëmmung am Mëttelpunkt.

"Datt mir och Saachen dierfen soen. Datt et net nëmmen Erwuessener sinn an, datt mir dierfen och eis Wal soen.“

© Chris Meisch
(Foto: Chris Meisch)

Mee wat geschitt, wann e Kand net nëmme bei engem Atelier, mee selwer an enger richtege Geriichtsaffär zu Wuert komme soll? D'Simone Flammang, Procureur général d'État adjoint, erkläert, wéi d'Justiz dofir suergt, datt och d'Meenung vun de Kanner berécksiichtegt gëtt.

"A wann d'Kand de Riichter freet, fir gehéiert ze ginn, da muss de Riichter dat maachen. Hien huet dann zwou Méiglechkeeten: Entweeder, hien héiert d'Kand selwer. Hie kann awer och soen: 'Ech nennen deem Kand elo en Affekot'.“

Mee datt d'Kanner hir Meenung soe kënnen heescht net automatesch, datt si sech och trauen, dat ze maachen. Besonnesch wa si selwer an eng Geriichtsaffär involvéiert sinn. De Kanner-Affekot Sam Pletsch erkläert, wat dobäi a senger deeglecher Aarbecht besonnesch wichteg ass.

"Egal wéi ee Kand ee vertrëtt, muss ee mol fir d'éischt eng Vertrauensbasis schafen. Dat geet mat verschiddene Kanner vill méi einfach wéi mat aneren. [...] Et ass am Fong bal keen Dossier wéi deen aneren. All Kand huet seng individuell Problemer. A mir probéieren esou gutt wéi méiglech op déi spezifesch Besoine vun all Kand anzegoen.“

Sënn vu Gerechtegkeet

Bei de Kanner huet den Atelier jiddefalls Androck hannerlooss. An och wann d'Justiz fir si bis elo eppes éischter Onbekanntes war, hu si eng nom Atelier eng Virstellung dovun, wat Gerechtegkeet bedeit.

"E Kand traut sech net ëmmer, virun engem Erwuessenen ze schwätzen, mee hie muss och nogelauschtert ginn.“

An dat ass och ee vun de wichtegste Messagë vum Atelier iwwer d’Justiz: Kanner hunn net nëmme Rechter, si wëllen och eescht geholl ginn.

Am Virfeld vum Weltkannerrechtsdag den 20. November, stounge beim YOUstice-Atelier dës Kéier besonnesch d'Kannerrechter am Mëttelpunkt. De Workshop gëtt et mëttlerweil zënter sechs Joer a soll de Schüler d'Funktioun an d'Aarbecht vun der Justiz méi no bréngen.

Nieft de Gespréicher mat Experten ass et virun allem d'Méiglechkeet, d'Justiz selwer ze erliewen, déi de Kanner am Gediechtnes bliwwen ass. 

© Chris Meisch
(Foto: Chris Meisch)

play_arrow Lauschteren