Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ „Fir den armeenesche Bergkarabach ass et eriwwer“

Am Gespréich mam Krichsreporter Armand Back

„Fir den armeenesche Bergkarabach ass et eriwwer“

Fir d’Armeenier ass d’Situatioun am Krisegebitt Bergkarabach hoffnungslos. Dat ass d’Conclusioun, déi den Armand Back zitt. De Krichsreporter an Tageblatt-Journalist verfollegt de Konflikt tëschent den Armeenier an den Aserbaidjaner an der net-unerkannter Republik Bergkarabach schonn zanter den 90er Joren.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

Déi humanitär Situatioun an der Konfliktregioun spëtzt sech zou. Liewensmëttel a Medikamenter ginn nach méi knapp, wéi si et virun der aserbaidjanescher Blockade vum Latschin-Korridor, der eenzeger Verbindung tëschent Armenien a Bergkarabach, zanter Dezember zejoert souwisou scho sinn. 

Aserbaidjan mat militäresche Virdeeler​

Aktuell gëllt zwar nach eng Wafferou, mee dem Armand Back no hunn d’Armeenier de Kampf géint den Aserbaidjan scho laang verluer.

“D’Aserbaidjaner sinn elo do. Also si sinn nach net zu Stepanakert, also der Haaptstad, mee dat ass och nëmmen eng Fro vun der Zäit. A fir dat dann nach eemol zeréck ze gewannen, do bräicht ee jo rëm eng Kéier ee risege Krich. An dofir ass d’Kräfteverhältnis tëschent deenen zwee Staaten net ginn, also dass Armenien do kéint eppes erreechen. Den Aserbaidjan huet do riseg Virdeeler, och militäresch gesinn.”

Dobäi kënnt, datt vill Armeenier aus dem Bergkarabach elo zeréck an Armenien wëllen. Schonn elo ass Rieds vun Dausende Flüchtlingen, déi vun der armeenescher Regierung opgeholl goufen.

Den armeeneschen Ausseminister Ararat Mirsojan fuerdert bei de Vereenten Natiounen zu New York eng UN-Missioun, fir déi zéngdausenden Armeenier am Bergkarabach ze schützen. Sollt d’Flüchtlingswell weider rullen, kréich dës Kris nach eng aner Dimensioun, seet den Armand Back.

“Wann si zeréck kommen, dann huet Armenien einfach 120.000 Leit op ee Coup ze versuergen, an et ass einfach ee batteraarmt Land. Sou datt fir dat Land natierlech eng riseg Erausfuerderung géif ginn, an och fir, wéi soll ech soen, well dat fir d’Séil vun deem Land schonn eng Verletzung ass, datt déi dat net méi hunn.” 

​Potential fir gréisser Auswierkungen ass do

Den Interessi un der Regioun léisst de Journalist Armand Back net lass. Eng éischter Kéier war hien 2015 op der Plaz, an eng zweete Kéier Enn Oktober 2020, wéi de Konflikt fir d’lescht eskaléiert ass.

“Do waren d’Leit natierlech an de Kelleren. Ënnert den Haiser hu si alleguer hir Bunkeren, wou si schonn de gréissten Deel vun hirer Zäit verbruecht hunn. An och schonn deemools hu si an Angscht gelieft, do sinn d’Bommen och op d’Stied gefall.”

Direkt Konsequenze vum Konflikt am Bergkarabach géif ee bei eis nach net spieren, seet den Armand Back. Ausgeschloss wier et awer net, datt de Konflikt nach gréisser Auswierkunge kritt. Virun allem, wann den Aserbaidjan decidéiert, wéi scho puer Mol ugekënnegt, den armeeneschen Terrain unzegräifen.

Hei muss ee sech nach eemol déi geografesch Lag vum Aserbaidjan am Südkaukasus virun Ae féieren, wéi den Armand Back erkläert.

“Am Süden ass den Iran, uewendriwwer Armenien, an dann nach eng Kéier hues du eng aserbaidjanesch Exklave, déi Nachitschewan heescht. An déi grenzt eben direkt un d’Tierkei. An do ass den aserbaidjanesche Wonsch eng Landverbindung quasi vun hirem Terrain, iwwer armeeneschen Terrain, op dat Natschischewan hierzestellen."

Domat géif een d’Armeenier vun hirer Grenz zum Iran oftrennen, an ee Sträit wier virprogramméiert.

​Déi international Gemeinschaft muss Drock maachen

De 5. Oktober sollen den aserbaidjanesche President Ilham Aliyev an den armeenesche Premierminister Nikol Paschinjan zesummekommen. Am Virfeld vun dësem Treffe wëllen elo Vertrieder vun Armenien, vum Aserbaidjan a vun der EU zu Bréissel iwwer d’Situatioun an der Konfliktregioun schwätzen. Déi international Gemeinschaft misst sech hei amëschen an Drock maachen, sou nach den Armand Back.

“Mee den Drock op Aserbaidjan, wann een do eppes wëll erreechen, muss warscheinlech aneschters stattfannen. A wann een dann natierlech gläichzäiteg méi Gas bei hinne keeft, ass dat natierlech och ee Signal, datt ee se bësse maache léisst, wéi si wëllen a mengen Aen.”