Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fir d'éischt zënter 10 Joer: D'Loftverschmotzung a China ass erëm geklommen

Ëmwelt

Fir d'éischt zënter 10 Joer: D'Loftverschmotzung a China ass erëm geklommen

A China ass d‘Loftverschmotzung dëst Joer déi éischte Kéier zanter engem Jorzéngt nees geklommen. Dat geet aus enger neier Etude vum onofhängege Fuerschungsinstitut fir Energie a propper Loft a Finnland ervir.

auto_stories

1 min

Illustratioun Loftverschmotzung | © picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
Illustratioun Loftverschmotzung (Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib)

2013 hat China der Pollutioun de Kampf ugesot, mat enger massiver Campagne bei där vill Kuelenzentralen zougemaach a schwéier Industriesiten relokaliséiert gi waren. Dëst Joer goufen awer déi drastesch Moossnamen opgehuewen, déi China wéinst der Covid-Pandemie 2019 en place gesat hat an d‘Aktivitéit ass nees a vollem Ausmooss ugelaf. Gekoppelt mat schlechte Wiederconditiounen hätt dat zu der Hausse bei der Loftverschmotzung geféiert ass et d‘Conclusioun am Rapport.