search

/ Finanziell Ënnerstëtzung fir Bibliothéiken: "Dem Staat feelt et u Courage"

Neit Gesetz

|
reading time

4 min

headphones

11 min

play_arrow

Finanziell Ënnerstëtzung fir Bibliothéiken: "Dem Staat feelt et u Courage"

De Bibliothéiken hei am Land geet et gutt, seet d'Presidentin vun der zoustänneger Associatioun. En neit Gesetz soll dofir suergen, datt et hinnen nach besser geet. Esou ganz zefridde sinn d'Bibliothecairen, Archivisten an Dokumentalisten awer net domat.

reading time

4 min

headphones

11 min

play_arrow
D'National-Bibliothéik an der Stad | © Adobe Stock
D'National-Bibliothéik an der Stad (Foto: Adobe Stock)

Bibliothéiken hunn e stëbsegen Image, dobäi sinn et bei Wäitem net nëmme Regaler voller Bicher. Dat betount d’Estelle Beck, Presidentin vun der Association Luxembourgeoise des Bibliothécaires, Archivistes et Documentalistes (ALBAD).

“Bibliothéike sinn ëffentlech Plazen, wou ee gratis villes ka maachen. Et kann ee studéieren, sech mat Frënn treffen, Recherche maachen. Dat nennt een en Tier lieu am professionelle Beräich.”

De Bibliothéiken hei am Land géing et och gutt goen, seet si. De Secteur hätt eng gutt Visibilitéit.

2024 hätt de LISER eng Etüd mam Numm "Pratiques et usages des bibliothèques” duerchgeféIert. Dobäi ass erauskomm, datt ee Véierel vun de Participanten eng Bibliothéikskaart huet.

"Dat ass net näischt", mengt d’Estelle Beck.

D'Estelle Beck
D'Estelle Beck

Ëffentlech a spezialiséiert Bibliothéiken

D’lescht Joer huet d’Associatioun hire leschte Bibliothéik-Guide erausbruecht. Bei Bibliothéike gëtt ënner anerem tëschent ëffentlechen a spezialiséierten ënnerscheet. 40 spezialiséiert Bibliothéike sinn am Guide opgelëscht.

“Déi sinn net all ëffentlech. D’Prisongsbibliothéik, Chambre des députés, déi vum Conseil d’Etat. Dat si Bibliothéiken, déi Bicher fir e spezielle Beräich vun der Wëssenschaft sammelen.”

Et ginn awer och ëffentlech spezialiséiert Bibliothéiken, erkläert d’Estelle Beck. Zum Beispill déi vum CITM, dem Centre d'Information Tiers Monde, oder dem CID Gender a Fraen.

Zwee Bibliothéiks-Typpen, ee Gesetz

Wat dat neit Bibliothéiksgesetz ugeet, dat d’Chamber gëschter gestëmmt huet, riicht sech eng Kritik vun der ALBAD op genee dee Punkt. Et ass nämlech esou, datt ëffentlech a spezialiséiert Bibliothéike vum selwechte Gesetz ofgedeckt sinn.

“Eigentlech wier et professionell gesi besser zwee Texter ze hunn, well d’Missiounen an de Sënn an Zweck vun enger spezialiséierter Bibliothéik sinn net déi selwecht, wéi déi vun enger ëffentlecher Bibliothéik.”

De Gros vum neie Gesetz orientéiert sech un den ëffentleche Bibliothéiken. Falls spezialiséiert Bibliothéiken also zum Beispill Subside wëllen ufroen, musse si déi selwecht Konditiounen erfëlle wéi eng ëffentlech Bibliothéik.

D'Konditioune fir staatlech Hëllefen ze kréien

Eng Konditioun ass e vollzäit beschäftegte Bibliothecaire anzestellen. Ee mat Erfarung oder mat engem Diplom. Um Marché géingen et och genuch Bibliothecairë ginn, seet d’Estelle Beck. Et géing een och all Joer Reklamm fir de Beruff maachen.

“Mir brauche jonk Leit, déi dat studéieren. (...) Et ass e Beruff mat Zukunft. D’Schüler ënnerschätzen dat.”

Eng weider Konditioun ass, datt een op d’mannst 10.000 "Titren" an der Sammlung muss hunn. Dat sinn also net just gedréckte Bicher, mee dat kënnen och E-Books sinn. Och dat kritiséiert d’ALBAD, well et theoreetesch méiglech ass eng Bibliothéik just mat digitale Bicher ze fëllen.

Eng lescht Konditioun, déi een erfëlle muss fir staatlech Hëllefen ze kréien: D’Kollektioun muss all Joer ëm 3 Prozent erneiert ginn.

Net alles ass schlecht

D’Gesetz bréngt awer och Verbesserunge mat sech, betount d’Estelle Beck. Esou ginn d’Hëllefen op verschidde Beräicher opgedeelt, wéi zum Beispill d’Personal, Formatiounen oder Acquisitiounen. Virdru gouf alles duerch eng grouss Enveloppe ofgedeckt.

“Wann een also eng Liesung organiséiere wollt, mee déi deier ass, dann hat ee manner Budget fir Bicher ze kafen.”

De Staat wëllt ausserdeem Gemengen encouragéiere sech méi staark an deem Beräich mat anzebannen, andeems si als Gemeng eng Bibliothéik iwwerhuelen, oder eng nei grënnen.

Méi kommunal Bibliothéiken: Kann dee Plang opgoen?

D’Estelle Beck bezweifelt awer, datt déi Initiativ Succès wäert hunn. De Syvicol huet eng Aide financière unique vun 100.000 Euro proposéiert. Dat géing awer net duergoen.

“Da muss een eng Vollzäit-Tâche astellen, Bicher kafen. Et brauch ee méi Suen. An Holland ass den Incentive 400.000 Euro.”

Insgesamt géing et dem Staat hei am Land u Courage feele fir d’Bibliothéike finanziell méi staark ze ënnerstëtzen, stellt d’Estelle Beck fest. Si weess awer och, datt een duerch déi kommunal Autonomie keng Gemeng zu eppes zwénge kann.

D’Gesetz ass iwweregens ouni Géigestëmm duerchgaangen.

play_arrow Lauschteren