Radioen

On air

Notturno  |  Judee Sill - There's a Rugged Road

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Finanzbedruch: ONGe wëllen iwwerpréiwen ob hinnen net dat selwecht geschéie kann

Cercle des ONG du Développement

Finanzbedruch: ONGe wëllen iwwerpréiwen ob hinnen net dat selwecht geschéie kann

An der Suite vun der Affär Caritas géifen d’ONGe sech intern méi intensiv ënnert d’Lupp huelen, betount de Luc Siebenaller, President vum Cercle des ONG de Développement. Et wéilt een iwwerpréiwen, ob dat, wat bei der Caritas geschitt ass, och enger anerer ONG kéint geschéien.

auto_stories

2 min

De Luc Siebenaller, President vum Cercle des ONGD

Et wier natierlech gutt elo z’iwwerpréiwe wéi d’ONGen intern funktionéieren. Et bräicht een och méi Informatiounen iwwert de Fall Caritas, betount de Luc Siebenaller, wëssend, datt d'Enquête nach leeft. Wann ee wéisst wat genau geschitt ass, och wat d‘Gouvernance ugeet, kéint een déi richteg Hiewel usetzen.

„Datt wann d’Cour des comptes ee Rapport soll ausschaffen iwwert d’Gouvernance vun den ONG’en, dass dann do cibléiert gekuckt gëtt, wat genau ënnert d’Lupp geholl gëtt.“

Méi Prozedure kéinten ee Problem fir kleng ONGen duerstellen

D’ONGen hunn eng Gouvernance an intern Reegelen a loossen sech all Joers auditéieren, betount de Luc Siebenaller. Do misst een och oppassen op den Opwand fir kleng ONGen. Wann et méi Prozedure gëtt, ginn och méi Mataarbechter:innen dofir gebraucht, wéi fir déi eigentlech Aarbecht um Terrain, fäert de Luc Siebenaller.

„An natierlech muss ee sech do warscheinlech verstäerken. Do stellt sech dann och d’Fro vun deene méi klengen Organisatiounen, déi net onbedéngt d’Moyenen hu fir méi Leit am administrative Beräich anzestellen.“

Wichteg, datt d‘Projete weidergefouert ginn

Datt de Premier virun der Press confirméiert huet datt d’Aarbecht vun der Caritas soll kënne virugefouert ginn, gesäit de Luc Siebenaller, ganz positiv. Dat wier och ganz wichteg, wëll d’Beneficiairë kéinte weider Hëllef kréien. Wat d’Cooperatiounsprojete vun der Caritas ugeet, ginn et just inoffiziell Informatiounen:

„Ech weess datt villäicht prioritär Lëtzebuerger Organisatiounen, sech bereet erklären oder gefrot goufe fir Projeten z’iwwerhuelen. Ech ka mer awer och ganz gutt virstellen dass dat och aner Partner kënne sinn aus hirem Reseau.“

Dat wichtegst wier, datt d‘Projete weidergefouert ginn. De Luc Siebenaller betount, datt déi Projete vun der Caritas dacks a Krichsregiounen oder Kriseregioune realiséiert ginn, do wou bal keng ONGe méi present sinn.