Deemno ass de Wäert vun der Revalorisatioun vun der Lettre-clé fir d’Akten a Servicer vun den Dokteren a vun den Zänndokteren op 0 Prozent definéiert ginn.
Nodeems d'lescht Joer esouwuel d’Verhandlungen tëschent der CNS an der AMMD, wéi och d’Mediatioun d’lescht Joer zu den Dokteschtariffer gescheitert waren, ass déi Decisioun ass elo definitiv.
Decisioun war "envisagabel"
Am 100,7-Interview kritiséiert de President vun der Dokteschvereenegung Chris Roller prinzipiell de System, datt esou e Wäert all zwee Joer op en Neits misst verhandelt ginn, amplaz datt en automatesch géif ugepasst ginn.
"Insgesamt och de System, datt de Riichter den Tarif festleet fir eng Profession libérale. Dat fannen ech als President vun der AMMD an och en général als Dokter, net immens gutt. Natierlech ass déi 0 Prozent eppes, wat envisagabel war. De Kader war tëschent 0 an 2,68 Prozent. Trotzdeem ass et natierlech e Schlag an d'Gesiicht."
D’Dokteschvereenegung AMMD hat de Maximum vun 2,68 Prozent gefuerdert, d’CNS hat dogéint viru Geriicht 0 Prozent gefuerdert. Dat op Grond vun der finanzieller Lag vun der Gesondheetskeess.
D’Argumentatioun vum Urteel läit nach net an der integraler Versioun vir. Deemno géif een dat nach ofwaarden, éier d’Dokteschvereenegung weider doriwwer géif kommunizéieren, esou nach de Chris Roller.
Urteel fir CNS favorabel, well de Budget wier enk
Fir d’Gesondheetskeess par contre wier dat hei Urteel natierlech favorabel, seet de Carlos Pereira vum OGBL a Member vum Verwaltungsrot vun der CNS. Well de Budget vun der CNS wier enk an et misst ee spueren, wou ee kéint. Hie wéisst net, ob ee sech heiriwwer freeë soll oder net. D'Gesondheetskeess wier an enger ganz komplizéierter finanzieller Lag, esouvill stéing fest.
"A wou mir amgaange sinn, iwwerall wou mir kënne spueren, fir datt een d'Leeschtunge weider vis-à-vis vun de Patiente ka garantéieren."
D'Urteel géif him eigentlech gutt an de Krom passen, esou de Carlos Pereira vum OGBL. Mee op där anerer Säit hätt hien awer och léiwer gehat, datt ee sech am Virfeld no enger Liesung beméit hätt amplaz datt een elo bei Null ass.