arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gesetz fir Dokteschgesellschafte soll sech un Affekotegesellschaften orientéieren

Santé

|
headphones

2 min

D'Gesetz fir Dokteschgesellschafte soll sech un Affekotegesellschaften orientéieren

An der Chamberkommissioun Santé huet d'Gesondheetsministesch Martine Deprez de moien de Projet de Loi vun den Dokteschgesellschafte virgestallt. E Projet op deen d’Dokteschvereenegung AMMD zënter Laangem waart.

headphones

2 min

© Adobe Stock / Olga Mishyna
(Foto: Adobe Stock / Olga Mishyna)

D’CSV-Gesondheetsminsitesch hat nämlech de Gesetzesentworf vun der viregter LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert um Ufank vun dëser Legislaturperiod verworf an en eegenen Text ausgeschafft. Deen neien Text orientéiert sech elo um Modell vun Affekotegesellschaften.

No laangen Diskussiounen ëm extern Financieren

Den LSAP-Deputéierten a fréiere Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo hält dat fir eng manner gutt Decisioun. Hien ass der Meenung, datt ee fir d’Dokteren eng eege Gesellschaftsform misst fannen.

"“Den Dokteschberuff ass eppes ganz Spezifesches an ech hätte mer hei kënne virstellen, dass eppes, déi Gesellschaftsform esou gewielt gi wär, fir der Spezifizitéit vum Dokteschberuff nach méi staark Rechnung ze droen. Mer brauchen esou e Gesetz net nëmmen aus der Vue vun den Dokteren, mee och aus der Plus-value fir de Patient. Wann d'Doktere sech zesummeschléissen, kënne se aner Prestatiounen ubidde fir de Patient."

Iwwerdeems huet d'Martine Deprez betount, datt alleguer d'Associéen an der Societéit mussen den Dokteschberuff ausüben, deemno wäerte keng extern Finanzgeber kënnen Associé ginn, wann de Gesetzesprojet an där Form vun der Chamber ugeholl gëtt.

De Punkt vun externe Financieren hat an der Vergangenheet fir vill Diskussiounen iwwer de Gesondheetssystem gesuergt. 

Weider huet et geheescht, datt d'Kontrollfunktioun, déi bei den Affekoten den Ament de Barreau iwwerhëlt, soll de Collège médical bei den Dokteschgesellschaften iwwerhuelen. Dee wier allerdéngs dofir den Ament nach net gutt genuch opgestallt, dofir wieren do Upassungen néideg, esou nach d'Gesondheetsministesch.