Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fiktiv Astellungen am Europaparlament: Marine Le Pen muss viru Geriicht aussoen

Europaparlament

Fiktiv Astellungen am Europaparlament: Marine Le Pen muss viru Geriicht aussoen

Zu Paräis muss d‘Marine Le Pen de Mëtteg fir d‘éischte Kéier viru Geriicht aussoen am Prozess iwwert déi presuméiert fiktiv Astellung vu EU-Parlaments-Assistenten. Et steet vill um Spill fir d‘Politikerin vum rietsextreme Rassemblement National.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto
Foto: picture alliance / NurPhoto

Si riskéiert als méiglech Strofe Prisong, eng Geldstrof a virun allem e Verbuet, en ëffentlecht Amt auszeüben an also fir d‘Presidentewalen 2027 a Frankräich ze kandidéieren.

Ugeklot si nieft der Marine Le Pen 24 fréier EU-Deputéiertert vum fréiere Front National, dem haitege Rassemblement National. Si kréie virgehäit, Sue vum Europaparlament detournéiert ze hunn fir domat net, wéi virgesinn, Assistente vun den EU Deputéierten ze bezuelen, mee Mataarbechter:inne vun der eegener Partei.