Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
search

/ Fernand Kartheiser kritt eng Rüge vun der EKR-Fraktioun 

Wéinst Interview a russescher Zeitung

Fernand Kartheiser kritt eng Rüge vun der EKR-Fraktioun 

Den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser huet eng Rüge vu senger Fraktioun am EU-Parlament kritt, well hien ze pro-russesch wier. Dat huet d‘Lëtzebuerger Wort gëschter um Freideg gemellt.

auto_stories

1 min

Foto: European Union

Den Deputéierten huet e Bréif vun der rietskonservativer EKR kritt, wou hien opgefuerdert gëtt, Aussoen ze erklären, déi hien an engem Interview mat enger russescher Zeitung gemaach hat.

Do hat hien, ënner anerem, d‘EU-Sanktioune géint Russland kritiséiert. Bis elo hätt een déi pro-russesch Äusserungen an der Fraktioun toleréiert, mee elo wier de Fernand Kartheiser awer ze wäit gaangen, heescht et an deem Bréif, vun deem d‘Wort geschriwwen huet.