Radioen

On air

Tockcity  |  W. H. Lung - Bloom and Fade

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Erweiderung: "Bis 2030 nei Memberen ass net onrealistesch"

EU-Westbalkan-Sommet

EU-Erweiderung: "Bis 2030 nei Memberen ass net onrealistesch"

Sechs Westbalkan-Länner sti virun der Dier vun der EU. Et gi Fortschrëtter, wéi een um EU-Westbalkan-Sommet feststelle konnt. Mee et ass schwéier virauszegesinn, wéini déi éischt effektiv Member vun der Europäescher Unioun ginn. Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

© European Union play_arrow
Foto: European Union

Albanien, Kosovo, Bosnien-Herzegowina, Serbien, Montenegro an Nord-Mazedonie stinn an der Rei fir an d'EU eranzekommen. Gëschter um Mëttwoch ware si alleguerte vertrueden op engem Sommet zu Bréissel mat de Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner.

An de leschte Méint hu verschidde vun deene Länner grouss Progrèsen en vue vun engem Bäitrëtt an d'EU gemaach. Wann d'Krittären erfëllt sinn, muss een de Courage hunn, deen nächste Schrëtt ze maachen. Dat sot de Premier Luc Frieden gëschter um Mëttwochowend zu Bréissel. D'EU géing am anere Fall een héije Präis bezuelen, wann deen Erweiderungsprozess an d'Längt gezu gëtt.

"Wa mir Europäer aus der Europäescher Unioun eis net ëm eis Nopere bekëmmeren, da bekëmmeren sech anerer ëm si. China, Russland, arabesch Staaten. An duerfir ass déi Reunioun hei wichteg an duerfir ass och deen Dialog bei der Reunioun an derzwëschent wichteg."

De Premier Luc Frieden warnt virum Afloss vun net-EU-Länner op d'Bäitrëttskandidaten. | © European Union
De Premier Luc Frieden warnt virum Afloss vun net-EU-Länner op d'Bäitrëttskandidaten. (Foto: European Union)

Vun der pro-EU-Ambiance profitéieren

Konkret gesäit et momentan esou aus, wéi wann zum Beispill Montenegro grouss Fortschrëtter gemaach hätt. Et goufen 3 Kapitelen aus deem ganzen Erweiderungsprozess zougemaach, wat remarkabel ass. Et war nämlech zanter 7 Joer net méi de Fall, datt Kapitelen iwwerhaapt ofgeschloss goufen.

An deem Prozess si jo ganz verschidden Etappe virgesinn, a Montenegro waart zanter 16 Joer drop Member vun der EU ze ginn. 2008 krut d'Land de Status vun engem EU-Kandidat. Domat huet et ugefaangen, an 2012 ass et du lassgaange mat den eigentleche Verhandlungen. Et hofft een elo drop, datt déi Verhandlunge bis 2028 ofgeschloss sinn.

Dëst hänkt awer net nëmmen dovun of, ob d'Land weider d'Lëscht vun de Krittären erfëllt, mee och dovun, wéi déi aner EU-Länner dee Fortschrëtt unerkennen. Dobäi ass et ass riskant, dee Prozess an d’Längt ze zéien, well a verschiddene Länner den Afloss notamment vu Russland wiisst. Déi pro-EU-Ambiance kéint dann och nees kippen, wann een ze laang waart.

De "Jo" vun de 27 Membere gëtt gebraucht

Déi an er Länner sinn alleguerte bei ganz ënnerschiddlechen Etappen. Bosnien, Kosovo oder awer och Serbien si sécher nach méi wäit ewech vum Enn vun de Verhandlungen. Virun allem wéinst de Krittäre vun engem Rechtsstaat dee funktionéiert.

Mee och Albanien ass wuel an de leschte Méint virukomm. Hei goufen elo déi lescht Kapitelen opgemaach: Aussepolitik, Sécherheet an Defense. Den albanesche Premier Edi Rama huet och de Wonsch geäussert nach virun 2030 Member vun der EU ze ginn.

Ob dat realistesch ass, ass schwéier virauszesoen. Et gëtt drop bestanen, datt dat Ganzt ee Prozess ass, deen um Merite baséiert, an datt objektiv Krittäre gëllen. Et huet een awer scho gesinn, datt um Enn d’Aschätzung ob déi Krittären erfëllt sinn, eng ass, déi verschidde Länner ënnerschiddlech maachen. Um Enn muss do all EU-Land "Jo" soen, éier een neie Member opgeholl gëtt.

Luc Frieden: "Keng Fro vum Kalenner"

Ob et also realistesch ass, datt zum Beispill Montenegro effektiv bis 2028 Member vun der EU ka ginn, dat kann ee schwéier virausgesinn. De Premier Luc Frieden huet et gëschter um Mëttwoch net fir onméiglech gehalen.

"Et ass keng Fro vum Kalenner. Et ass eng Fro vun de Konditiounen. An ech mengen, mir mussen eis gemeinsam en Effort ginn, datt mir déi Länner ënnerstëtzen, an datt wa se d'Konditiounen erfëllen, datt se kënne bäitrieden. Mee vun 2025 bis 2030 si jo nacheng Rei Joren. An zugläich musse mir dann och ëmmer kucken, datt mir en parallèle kucken, wéi mir Europa organiséieren, datt wa mir zu 30 sinn oder méi, datt mir dann och nach fonctionéieren."

Genee dat wäert och nach zu Diskussiounen ënnert de bis elo 27 EU-Länner féieren. Um Zil ass een do also nach laang net.

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.