D‘Feier war géint 16 Auer gëschter Mëtteg gemellt ginn. Den Daach vun der Scheier stoung komplett a Flamen. Am Kader vun de Läschaarbechte wier du gëschter Owend eng Persoun dout aus der Scheier gebuerge ginn, sou d‘Police. De Parquet gouf informéiert an d‘Police judiciaire gouf mat enger Enquête beoptraagt.
E puer Pompjeescorpsen aus der Ëmgéigend waren am Asaz. E puer Stroosse ronderëm d‘Rue d‘Eich zu Leideleng hu misse gespaart ginn.