Radioen

On air

Kultur um 5  |  Ryvage - Nighthawk Feat. Them Lights

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Feier an engem Appartementshaus zu Vigo: Mamm an dräi Kanner kommen ëm d'Liewen

Ongléck a Spuenien

Feier an engem Appartementshaus zu Vigo: Mamm an dräi Kanner kommen ëm d'Liewen

Bei engem Feier an engem Appartementshaus an der nordwestlecher spuenescher Hafestad Vigo sinn de Moie fréi véier Mënschen ëm d‘Liewe komm. Et goufen och Awunner blesséiert.

auto_stories

1 min

Bei den Doudege soll et sech ëm eng Mamm an dräi vun hire Kanner handelen, wéi lokal Medie mellen. De Papp an ee weidert Kand wieren ënnert de Blesséierten.

Et bestéing ee Verdacht vu Brandstëftung. Verdächtegt gëtt ee fréiere Bewunner vum Gebai, dee viru kuerzem hat missten erausplënneren.