Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Feelt et zu Lëtzebuerg un Apdikten?

Offiziell Rechnung gesäit 121 Apdikte vir

Feelt et zu Lëtzebuerg un Apdikten?

Wann een d'Zuel vun den Apdikten un déi demographesch Entwécklung koppelt, wat u sech och de Fall ass, missten et zu Lëtzebuerg 121 Aptikte ginn. Et sinn der aktuell awer knapp 20 manner.

auto_stories

1 min

Apdikt | © Bigstock / Diego Cervo
Foto: Bigstock / Diego Cervo

Aktuell sinn zu Lëtzebuerg 102 Apdikte fir de Public op. Zwou weider Apdikten si scho per Arrêté ministériel kreéiert ginn, mee mussen nach vun engem Apdikter iwwerholl ginn. A 7 Gemenge sinn an der Diskussioun fir eng Apdikt ze kréien.

Dëst si Präzisioune vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der ADR.

Déi offiziell Rechnung gesäit 121 Apdikte vir

Reng no der demographescher Entwécklung gekuckt an op Basis vun der Rechnung vun der Santé missten et am Land 121 Apdikte ginn, esou d’Gesondheetsministesch. D’Rechnung gesäit vir, datt eng Gemeng eng Apdikt ka kréie soubal d’Awunnerzuel wärend op d'mannst zwee Joer iwwer 2.500 Awunner läit. All weider Apdikt kéint envisagéiert ginn, wann d’Awunnerzuel ëm 5.000 Awunner klëmmt.