D‘Mesuren, déi Regierung bis elo geholl huet, géifen net méi duergoen. Sou wéi et am Moment ausgesäit, kréich den Héichbau spéitstens Ufanks d‘nächst Joer massiv Konjunkturproblemer an et misst mat Faillitten an Entloossunge gerechent ginn.
D‘Handwierk mécht een Appell un de Staat an d‘Gemenge fir geplangte Projeten sou séier wéi méiglech auszeschreiwen, fir datt d‘Betriber weider Opträg hunn. Déi Opträg sollen och u Lëtzebuerger Betriber goen esou d‘Handwierk.