Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Faulbrut bei Beien: Spärgebitt ronderëm Wuelessen wéinst Beiepescht

D'ALVA mellt

Faulbrut bei Beien: Spärgebitt ronderëm Wuelessen wéinst Beiepescht

Ronderëm Wuelesse bei Housen gëllt e Spärgebitt wéinst der sougenannter Beiepescht. D’Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung ALVA huet déi amerikanesch Faulbrut an engem Beievollek detektéiert, eng ustiechend a meldeflichteg Krankheet.

auto_stories

1 min

Fir de Verbraucher stellt se allerdéngs kee Risiko duer: Den Hunneg vun infizéierte Beien ass fir de Mënsch net schiedlech. An engem Ëmkrees vun 3 Kilometer besteet bei alle Beievëlker de Verdacht op Faulbrut a sinn esou séier wéi méiglech der ALVA ze mellen, fir datt si kënne kontrolléiert ginn.

Concernéiert sinn nieft Wuelessen och d’Uertschafte Pëtscht, Weller, Houschter-Déckt, Eesbech a Mierschent. Fir d’Kränkt net weider ze verbreeden, dierfe bis op Weideres keng Beievëlker eraus oder an d’Spärgebitt era bruecht ginn. Den Transportverbuet gëllt och fir sämtlecht Material fir d’Beienzuucht a fir d’Waben. Am Fall vun engem Verstouss géint dës Moossname ginn déi concernéiert Beievëlker ouni Entschiedegung zerstéiert