Radioen

On air

9 bis 1  |  Benny Sings - Sunny Afternoon

play_arrow Live
search

/ Falsch QR-Code-Sticker: Bedruchsversich op Stater Parkautomaten

Stad Lëtzebuerg warnt

Falsch QR-Code-Sticker: Bedruchsversich op Stater Parkautomaten

D'Stad Lëtzebuerg warnt viru Bedruchsversich op Parkautomaten. Onbekannter hu gefälschte Stickere mat der Opschrëft "Scannez et payez“ an engem QR-Code un e puer Automate gepecht. Dee géif op eng gefälschte Websäit leeden, déi sech als den offiziellen Déngschtleeschter "Indigo Neo“ ausgëtt, fir perséinlech Donnéeën ofzefëschen.

auto_stories

1 min

QR-Code | © Ville de Luxembourg
QR-Code (Foto: Ville de Luxembourg)

D'Stad Lëtzebuerg erënnert drun, datt d'Bezuele vun de Parktaxen nëmme mat der offizieller App "Indigo Neo" méiglech ass.

D’Servicer vun der Stad Lëtzebuerg schaffen drun, déi gefälschte Stickere esou séier wéi méiglech ewechzehuelen. Eng Plainte gouf scho bei der Police Grande-Ducale agereecht.