Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fabrizio Bei: "Ech wollt net de Poulidor vum Lëtzebuerger Fussball ginn"

Neie Champion FC Déifferdeng 03

Fabrizio Bei: "Ech wollt net de Poulidor vum Lëtzebuerger Fussball ginn"

Fir déi éischte Kéier an der Geschicht heescht de Champion am Lëtzebuerger Fussball FC Déifferdeng 03. No villen zweete Plazen huet et also endlech mam Titel geklappt. An de President vum Club, de Fabrizio Bei, ass domadder och säi Spëtznumm lass.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

Fabrizio Bei | © FC Déifferdeng 03 / Facebook play_arrow
De Fabrizio Bei ass President vum FC Déifferdeng 03. (Foto: FC Déifferdeng 03 / Facebook)

Zënter e Méindeg den Owend ass et kloer: Den FC Déifferdeng 03 ass Champion am Lëtzebuerger Fussball. Am 21. Joer no der Fusioun vun de Red Boys an der AS Déifferdeng huet et also endlech geklappt. De President Fabrizio Bei ass iwwerglécklech, datt et no villen Uleef endlech geklappt huet. 

"Ech hat ëmmer den Numm Poulidor, well ee mir dee ginn hat, well mir véier Mol Vizemeeschter gi sinn an “nëmmen” Coupë gewannen. Bei all Respekt, deen ech fir Poulidor hunn, mee ech wollt net de Poulidor vum Lëtzebuerger Fussball ginn. Dofir hunn ech gëschter gesot: Elo sinn ech den Andy Schleck. Deen huet jo den Tour de France gewonn."

Champions League mam aktuelle Kader

Et gëtt awer just eng kuerz Paus fir d’Spiller vum neie Lëtzebuerger Fussballchampion. Mëtt Juli ass schonn den éischten Tour vun der Qualifikatioun fir d’Champions League. De President Fabrizio Bei hofft, datt säi Veräin an engem gudde Mount beim Tirage e Géigner zougeloust kritt, dee sportlech ze packen ass. 

Dobäi vertraut hie sengem aktuelle Kader, dee punktuell verstäerkt soll ginn. Et géif een a Saache Recrutementer awer näischt Verrécktes maachen, sou de Fabrizio Bei.

"Mir kënnen dat net, mir wëllen dat net. Ech mengen, mir hunn eng gutt Ekipp. Dee Kader gëtt vläicht e bësse besser etofféiert mat deem engen oder anere Renfort."

Positive Bléck an d'Zukunft

Déifferdeng wier elo eng attraktiv Destinatioun, well net jiddweree spillt eng Kéier Champions League, betount de Clubpresident. An och d'nächst Joer wëll een nees ganz uewe matspillen. Och wann aner Ekippe méi Moyenen hunn.

"Wann Dir eise Budget kuckt a mat deem vun anere vergläicht, dann ass dat net equivalent. Mir bleiwen op där Linn, also mir maache keng Folien. Mee mir wëllen awer d'Ekipp esou preparéieren, datt mir Chancen hunn, fir de Lëtzebuerger Fussball gutt um europäeschen Niveau ze representéieren."

De Fabrizio Bei huet och betount, datt d'U19 vun Déifferdeng an der Finall vun der Coupe du Prince steet, an een an Zukunft och méi an déi nach jonk Dammenekipp investéiere wëll. Hie wëll och weiderhi President vum Club bleiwen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Sport