Nom Precautiouns-Prinzip misst all Risk fir d‘Patiente verhënnert ginn, bis d‘Enquête ofgeschloss ass.
Verschidde Knéibehandlungen aus de leschten dräi Joer, déi den Dr. Wilmes gemaach huet, gi jo vu verschiddene Patientinnen a Patienten - a besonnesch vun aneren Dokteren - a Fro gestallt.
Prinzip vun therapeutescher Fräiheet
D‘FHL ënnersträicht awer och, datt d‘therapeutesch Fräiheet een essentielle Prinzip vum Dokteschberuff wier, an datt eng Suspensioun net dierft benotzt ginn, fir Divergenzen ze bestrofen.
D‘Spidolsfederatioun ass donieft der Meenung, datt de Collège médical sollt déifgräifend reforméiert ginn.