Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Eurozon: Inflatioun huet sech am November däitlech ofgeschwächt

Wirtschaft

Eurozon: Inflatioun huet sech am November däitlech ofgeschwächt

D‘Inflatioun an der Eurozon huet sech am November däitlech ofgeschwächt, op 2,4 Prozent. Dat war e Minus vun engem hallwe Prozentpunkt am Verglach mam leschte Mount, an ass den nidderegste Stand zanter Juli 2021, deelt Eurostat mat.

auto_stories

1 min

Am November zejoert louch d‘Präisdeierecht nach bei 10,1 Prozent.

Dat europäescht Statistikamt huet dann och d‘Zuele fir d‘Aarbechtslosegkeet fir den Oktober erausginn. De leschte Mount waren 11,1 Millioune Mënschen an den 20 Länner vun der Eurozon op der Sich no enger Aarbecht. Dat entsprécht 6,5 Prozent, genee esou vill wéi am September.