Radioen

On air

9 bis 1  |  Leon Bridges - Panther City

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Europaparlament diskutéiert iwwert Fëmmverbuet op ëffentleche Plazen

Garen, Schwämmen, Spillplaze

Europaparlament diskutéiert iwwert Fëmmverbuet op ëffentleche Plazen

Soll an Zukunft Fëmmen och op ëffentleche Platze wéi Garen, Schwämmen oder Spillplaze verbuede ginn? Doriwwer gëtt muer um Mëttwoch an iwwermuer am Europaparlament diskutéiert.

auto_stories

1 min

Foto: Sabphoto / Bigstock

D‘Zil vun dëser Mesure, déi vun der EU-Kommissioun proposéiert gouf, wier et, virun de Gefore vum Passivfëmmen ze schützen. De Verbuet soll och fir E-Zigarette gëllen.

D‘Deputéiert am EU-Parlament ënnerstëtzen dës Iddi, kritiséieren awer, datt d‘Kommissioun net tëschent klasseschen Tubaksproduiten an alternative Produiten differenzéiert.

Eng final Decisioun gëtt sech am Dezember erwaart. Well d‘Gesondheetspolitik awer an der Verantwortung op nationalem Niveau läit, wier dës Propos rechtlech net verbindlech.